D‘Personal vun der Cargolux streikt. Zéi Kollektivverhandlungen bloufen ouni Resultat.

Woubäi vu Verhandlungen net rieds ka sinn. D‘Fronte waren séier verhäert. D‘Patronat ass ze pessimistesch a stuer, d‘Gewerkschaften denken ze vill un déi héich Gewënner vun der Cargolux. Vun allem e bëssen too much, fënnt de Pierre Jans.Den Transport war ee vun de wéinege Secteuren, déi vun der Corona-Pandemie profitéiert hunn. D‘Cargolux huet Rekordbenefisser gemaach. Déi lescht 3 Joer zesummen iwwer 3,3 Milliarden Euro.

Gläichzäiteg sinn d‘Personalkäschten erofgaangen. Ma ouni genee dat Personal - vun de Mecanicienen, iwwer d‘Leit an de Büroen, deenen, déi d‘Fligeren voll lueden bis bei d‘Piloten - wär natierlech guer kee Benefice méiglech gewiescht. D‘Beleegschaft wëll – zu Recht - méi e grousst Stéck vum Kuch.

An dat krite se jo och. Bei fënnef Prozent Lounerhéijung op fënnef Joer kéinten d‘Gewerkschaften aschloen. Eng strukturell Hausse am neie Kollektivvertrag, nodeems et am viregten 2019 sechs Prozent waren. Primmen vun 200.000 Euro Brutto pro Salarié iwwer déi lescht 3 Joer si jo och an allen Hisiichten exzeptionell. Eigentlech d’Kiischt op deem Kuch.

Déi Primme ginn awer vu béide Säiten am ëffentlechen Debat als Argument géint déi aner mëssbraucht. D’Direktioun konnt déi Zommen nëmmen ausbezuelen, well hir Leit an exzeptionell favorabele Joren a schwieregen Aarbechtskonditioune fonctionéiert hunn. An der selwechter Logik missten d’Gewerkschaften – déi jo och vun aussergewéinleche Primme schwätzen – erkennen, dass am Normalfall warscheinlech elo nees manner fett Joren op de Betrib duerkommen an dat an hire Loun-Revendicatioune berécksiichtegen.

Dat alles huet mech un eng Zeen aus dem Film Fluch der Karibik erënnert. Doran heescht et am Originaltoun “Take what you can. Give nothing back.” Eng Pirate-Weisheet sech dat ze huelen, wat ee mengt, wat engem zousteet. Esou vill wéi méiglech erauszeschloen. D‘Gewerkschafte wëllen mat hirer Fuerderung, d’Gehälter iwwer d’Lafdauer vum Kollektivvertrag ëm sechs Prozent an d’Luucht ze schrauwen, mam Kapp duerch d‘Mauer. D‘Cargolux-Direktioun bleift stuer.

Dowéinst bleiwe sëllege Fligeren elo um Buedem. Dat kascht de Betrib pro Maschinn 25.000 Euro d‘Stonn. Wat de Streik méi laang dauert, wat déi Käschten d‘Geschäftszuele verschlechtere wäerten. Dat an den Zäiten no der Pandemie, an deenen d‘Cargolux grouss Investissementer plangt a souwisou scho net méi mat exzeptionelle Beneficer rechne kann. Dat ass d‘Drockmëttel vun de Gewerkschaften awer gläichzäiteg de Grond, firwat d‘Direktioun net nogi wëll.

D‘Biergerinnen a Bierger hunn Interêt drun, dass dëse Sozialkonflikt séier op en Enn kënnt.

Eng vun de gréissten Cargo-Airlines vun der Welt gehéiert zu bal zwee Drëttel dem Lëtzebuerger Staat. E groussen Aktionär ass d‘Luxair. An och do sinn d‘Piloten dem LCGB no onzefridden a solidaresch mat deene vun der Cargolux. Et kéint turbulent ginn an der Lëtzebuerger Aviatioun.

Allerdéngs kascht de Streik e bëssen ze vill, fir dass d‘Positioune vu Gewerkschaft a Patronat awer net esou wäit ausernee leien