Villmools Merci dem Xavier Bettel - Dat sot gëscht op dëser Plaz den LCGB-President Patrick Dury. A sengem Tëscheruff versicht d’Michèle Sinner eraus ze fannen, woufir eigentlech.

Et goung natierlech ëm de Streik bei der Cargolux a Live on Air huet de Patrick Dury insinuéiert, de Premier wier an der Cargolux-Chefetage intervenéiert, fir datt déi sech soll op d’Gewerkschaften zoubeweegen.
Dobäi huet de Xavier Bettel sech RTL-Informatioune no aus de Verhandlungen ëm de neie Kollektivvertrag bei der Cargolux erausgehalen.

Datt d’Regierung sech net géif amëschen – ënnert anerem, fir net deemnächst och bei der Luxair oder bei Lux-Airport oder soss engem Betrib seng Lounverhandlunge mussen anzegräifen, wou de Staat eng Participatioun huet  - dat hat se e Freiden esou ausgemaach, nodeems de Mobilitéitsminister François Bausch de Kolleegen a Kolleeginne kuerz erkläert hat, wouwéinst gestreikt gouf. Dat hunn eis ee puer Sourcë confirméiert.

Huet de Xavier Bettel sech also net un doru gehalen an ass awer intervenéiert ? "No comment" ass d’Äntwert vum Premier, deen awer gläichzäiteg ënnersträicht, hie géing net hanner dat goen, wat en am Regierungsrot ausmécht.
Dank dem Patrick Dury sengem Dank ass de Premier lo domm drun. Entweder muss e soen, e wier hannert säi Wuert an der Regierung gaangen. Oder de Patrick Dury ëffentlech blouss stellen, en plus mat der Ausso, datt een "näischt" ënnerholl huet. Dat léiert de Xavier Bettel den 1. Mee bei den LCGB Selfien maachen ze goen.

Dat beäntwert awer net d’Fro, firwat de President vun der chrëschtlech-sozialer Gewerkschaft dem Xavier Bettel esou kuerz virun de Walen, esou e Bouquet Blumme schéckt. Wollt en de Xavier Bettel am Verglach mam Ressortminister François Bausch blénken dinn? Sech selwer en Vue vun de Sozialwalen d’nächst Joer als gutt connectéiert an effikasse Krisemanager duerstellen?

Hie wëll op Nofro näischt méi dozou soen.