Méi Bescheidenheet an dat Wesentlecht ofsécheren

D'Kafkraaft ass am Virfeld vun de Chamberwalen ee vun den Haaptsujeten. Statistiken no ass d'Kafkraaft vun de Leit am Duerchschnëtt déi lescht Joren awer eropgaangen, dank de Mesurë vun den Tripartitten. Anescht gesäit et natierlech aus, wann een op der Sich no der éischter Wunneng ass. Am Commentaire haut freet sech de Francois Aulner: "ëmmer méi Kafkraaft fir jiddereen, muss dat sinn?"
Lëtzebuerg huet eng vun den héchste Wirtschaftsleeschtungen pro Awunner op der Welt an den Duerchschnëttsbierger huet am internationale Verglach en zolitte Revenu. Trotzdeem ginn et Working Poor, Ongläichheeten a Leit, vill Jonker, déi ouni eege Kapital och mat engem konvenabele Revenu hei am Land nach ëmmer keng Garantie hunn, fir en Daach iwwert dem Kapp ze fannen. Dat ass wéi et schéngt deene meeschte Parteien definitiv ageliicht an dowéinst wëlle se jo all d’Kafkraaft stäerken. Iwwerspëtzt a graff resuméiert ergëtt sech a Steierfroen esou e Bild.
Am lénken Eck oder lénks vun der Mëtt: grouss Verméigen méi besteiere a mat deene Suen geziilt Leit bis 9 oder 12 Dausend Euro Brutto Gehalt de Mount entlaaschten. Den Hic: Dat bréngt warscheinlech net esouvill eran ewéi soll ëmverdeelt ginn. Besteiert een d’Verméigen méi héich, da riskéiert een d’Kapital ze verscheuchen.
Am rietsen Eck oder riets vun der Mëtt: Steiere rof fir jiddereen a keng Verméigenssteier. De Wuesstem soll de Réckgang vu Steierrecette guttmaachen. Hei ass den Hic: Doduercher ginn déi Räich ëmmer méi räich an déi Aarm kënne sech ëmmer manner leeschten. Datt d’Wirtschaft besser dréint ass och net garantéiert. A wann dat de Fall ass, da klëmmt ewéi nees den Drock vum Wuesstem op Infrastruktur.
Wann een an d’Vergaangenheet kuckt, da stellt een awer souwisou fest, datt déi di Verméigen wollte méi besteieren, dat net gegléckt ass. Gewollt oder ongewollt. An déi di Steieren ëmmer wollten erofsetzen, hunn a Krisenzäite mat Krisesteier a Solidaritéitssteier jiddereen belaascht.
Ëmmer méi Kafkraaft ass dat nohalteg?
Ass ëmmer méi Kafkraaft fir jiddereen iwwerhaapt nohalteg? Aus ekologescher Siicht net well een doduercher ëmmer méi consomméiert. E groussen Deel dovunner lant en plus am Ausland. Nei gréng Technologien riskéieren dacks zu méi Konsum ze féieren an de positiven Effet dovunner auszehielegen. Ëmmer méi Kafkraaft ass och ekonomesch net ëmmer nohalteg. D’Ekonomie huet Zyklen, Krisen an heiansdo e «Crépuscule». Riskéiert no der Stolindustrie an de 70er, net och d’Finanzplaz eng Kéier ze verschwannen oder ofzebauen?
Mat der Klimakris an dem Drock vun der demographescher Evolutioun op d’Ressourcen stéisst d’ganz Welt lues a lues ëmmer méi u seng Grenzen. D’Welt kooperéiert en Plus ëmmer manner. Russland ass kee Partner méi an dat spiert een am Portmonni. Mat China weess een net genee, wou d’Rees higeet. Ëmmer méi afrikanesch Staaten dréinen Frankräich an Europa de Réck an dat kéint och geschwënn ze spiere sinn. (De fréiere franséische President Jacques Chirac sot 2008 kuerz no senger Presidence : «wat mer am Portmonni geet gréisstendeels op joerhonnertelaang Ausbeutung vun Afrika zeréck.»
En attendant le déluge, wier et net Zäit méi bescheiden ze ginn a sech op dat Wesentlecht ze konzentréieren? D’Recettë vun der Taxe d’abonnement separat vum Budget op d’Säit leeën an déi Recetten eleng fir de Bau vu Wunnengen an Infrastruktur fir déi nächst Generatiounen anzesetzen, wier Mol en Ufank. Anerersäits endlech d’Prozeduren esou reforméieren, datt endlech séier vill am Bauperimeter gebaut gëtt. Well bleiwe mer op der aktueller Trajectoire, da gëtt Lëtzebuerg ëmmer méi exklusiv an onresilient wann eng nei Kris kënnt. An dat en plus weider um Bockel vun auslänneschem Kapital, vun deem mir nach ëmmer zapen.