De Walkampf leeft elo offiziell eréischt zanter gutt zwou Wochen. Allerdéngs hu mer duerch d'Superwaljoer 2023 schonn zanter 6 Méint d'Gefill an engem permanente Walkampf ze sinn. Et ass einfach ze vill, fënnt d'Annick Goerens a sengem Commentaire.

Ëmmer déi nämmlecht Sätz, ëmmer déi nämmlecht Platituden, ëmmer déi nämmlecht eidel Verspriechen. Op all Sender, an all Zeitung, an all deene sëllege Podcasten, op all Dëppefest oder op all Table Ronde. Credo vun de Parteien: wielt eis, mir kënnen et besser wéi déi aner. Déi eng baue méi séier, déi aner versprieche Wieler-Kaddoe mat Steiererliichterunge fir jiddereen an nach Anerer sinn d'Patriote par excellence um hënneschte rietse Spektrum an hu Lëtzebuerg méi gär wéi all déi aner. Bravo.

Commentaire vum Annick Goerens

Ma wien interesséiert sech iwwerhaapt nach dofir?

Brauch et fënnef Woche Walkampf, wou sech mat den nämmlechte Sätz a Spréch iwwerbuede gëtt?

Brauch et déi visuell Pollutioun am ganze Land mat Streidereien, wien d‘Plakater wéini wou a wéi héich opgehaangen huet?

Wieren déi 100.000 Euro, déi all Partei maximal dierf a Walplakater an a Reklammen investéieren, net besser op enger anerer Plaz opgehuewen? Besonnesch wann ee weess, dass déi meescht Parteien hir Walcampagnen am Ausland maache gelooss hunn?

De Walkampf-Zirkus fokusséiert sech ëmmer just op e puer Sujeten, kraazt un der Uewerfläch a proposéiert soi-disant séier Léisungen, déi de Wieler solle glécklech maachen, à la "ech senken d'Steiere fir jiddereen" oder "MÉI IRMen, MÉI Logementer, MÉI Dokteren, MÉI Contournementen". Vill aner Problemer ginn net adresséiert, notamment d'Aarmut an déi sozial Ongläichheeten. Dat ass numol einfach esou am Walkampf. Inhalter zielen manner, dofir awer Selfien op Dëppefester, Walspotte mat pauschale Message an Toute-Boîten, déi méi an d'Déift ginn, awer leider bal kee liest.

Sinn d'Leit dann no 5 Wochen Walkampf méi schlau wéi virdrun? D'Etüde soen eis "Nee", déi meescht entscheede spontan, quasi an der Kabinn. Wann een den Otto-Normal-Bierger haut freet: "Wat wiels de den 8. Oktober?", ass d‘Äntwert meeschtens "Keng Anung" oder "Am Léifsten keen". Mir dreiwen d‘Leit also mat der Masse, mat der Iwwerschwemmung vun Informatioune komplett an den Politik-Desintressi an an d'Verdrossenheet eran. Als Rappell bei de Gemengewalen huet bal all Véierten ongülteg gewielt. Deemno gëllt: Less is more.