Pandemie? Do war dach eppes ...

Doudesaffer, schwéier Krankheetsverleef, Lockdown, Kontaktverbueter, Ausgangs-Spären!
Fir vill Leit war d'Corona-Pandemie de schwéiersten Episod am Liewen. Am Walkampf gëtt iergendwéi gemaach, wéi wann ni eppes gewiescht wär.
De Pit Everling fënnt dat net ganz richteg.
Haut dominéieren aner Krisen. D'Waltheme sinn déi üblech: Logement, Wuesstem, Steieren. Politiker an och verschidden Experte laachen dëser Deeg léif vu Walplakater erof.
Ah jo do war dach eppes: Eng sanitär Kris, déi hiresgläiche gesicht huet.
Lëtzebuerg ass am Verglach gutt duerch déi Pandemie komm an de Gesondheets-System ass net kollabéiert, ënner anerem well d'Santés-Personal gutt Aarbecht geleescht huet.
Keng Bonne Note gëtt et awer fir d'Opschaffe vun där Pandemie, also d'Evaluatioun vum Krisemanagement.
Et gouf en OECD-Rapport, dee Lëtzebuerg eng zefriddestellend Zensur ausstellt, dee sech awer net am Detail mat de Moossname beschäftegt.
Sécher gouf et och deen een oder aner Niewesaz vu Politiker, datt wuel net grad alles richteg gemaach gi wier.
D'Politik hätt sech méi solle mat där Evaluatioun ausenee setzen an zwar virun de Walen, sou wéi och d‘parlamentaresch Oppositioun dat verlaangt huet.
Ma et schéngt keen arrangéiert ze hunn.
Et geet hei net drëm ze culpabiliséieren. D'Pandemie huet jiddereen iwwerrascht an iwwerfuerdert. D'europäesch Regierungen - och déi Lëtzebuerger - hu mat Sécherheet no beschtem Wëssen a Gewësse gehandelt. Si hunn op d'Experte gelauschtert a generell gouf alles dru gesat, d'Populatioun ze schützen, mat deels ganz haarde Mesuren.
Datt an extreme Situatiounen extrem Moossname geholl ginn, kann een novollzéien. Datt een dono net driwwer schwätze wëll, manner.
D'Populatioun hätt e Recht drop gewuer ze ginn, wéi verschidde Mesuren haut mat e bësse Recul ze gesi sinn.
Wat war medezinesch sënnvoll?
Wat hu Maskeflichte bruecht?
Louch de Grand-Duché mat der grousser Test-Strategie richteg?
Huet d'Impfung d'Erwaardungen erfëllt oder gouf eng falsch Sécherheet vermëttelt?
War de Covid-Check fair an huet en d'Infektiounen erofgedréckt?
Wéi bewäert ee réckwierkend d'Diskussioun iwwer eng Impfflicht?
War d'Dauer vun der Isolatioun ubruecht?
Ass d'Prise en Charge vu Long Covid-Patienten oder Persoune mat Impfschied adequat?
Hu mer eng Ausgangs-Spär gebraucht?
War et richteg, d'Schoulen zouzemaachen?
Ware Besuchs-Verbueter an Alters- a Fleegeheemer néideg?
Wat hätt an deene Strukturen - mat Bléck op de Waringo-Rapport - generell anescht misste gemaach ginn?
Dräi an en halleft Joer ass den Ufank vun der Pandemie elo eriwwer a vill Froen hänken nach ëmmer an der Loft. Mat Bléck op eventuell zukünfteg Krisen an op déi passend Reegelwierker wier et net verkéiert gewiescht, déi Froen ze beäntwerten.
Eng speziell Chamberkommissioun oder weider extern Evaluatioune bloufen awer aus.
D'Bierger hunn d'Pandemie net vergiess a bei verschiddene krut d'Vertrauen e puer Schréipsen ... an do schwätze mer net vun deenen, déi iergendwelleche Konspirationisten an d'Gräpp gefall sinn.
Fir datt d'Gesellschaft net nach weider gespléckt gëtt, bleift ze hoffen, datt déi nächst Regierung déi Schréipsen ewech kritt ... andeems se déi sanitär Kris adequat opschafft.