Lëtzebuerg gär hu geet net duer!

Hat Dir an de leschten Deeg eng Convocatioun fir den 8. Oktober an der Boîte oder hutt Dir är Stëmm via Bréifwal ofginn? Wa Jo: "Häerzleche Gléckwonsch". Da gehéiert Dir zu der privilegéierter Hallschent vun de Leit hei am Land, déi et e Sonndeg an der Hand huet, mengt d'Dany Rasqué a sengem Commentaire.
Dir gehéiert nämlech dann zu deene Leit, déi d’Walrecht hunn. Fir 47,4 Prozent vun de Mënschen, déi hei liewen, ass dat net de Fall. Dat ass nämlech de Prozentsaz vu Residenten, déi eng aner Nationalitéit hu wéi déi Lëtzebuerger.
Och wann een déijéineg erausrechent, déi nach keng 18 Joer hunn, bleift et dobäi, datt ongeféier all Zweete seng Stëmm kann ofginn an ongeféier all Zweeten net.
Ech erënnere mech datt 2015 eng 80 Prozent vun där enger Hallschent dat esou wollten, froe mech trotzdeem, wéi gerecht an demokratesch eng Gesellschaft ass, wou zwar jidderee seng politesch Meenung ka soen, se awer bei all Zweetem op nationalem Niveau guer net zielt.
Déijéineg vun eis, déi fir e Sonndeg an d’Walkabinn geruff sinn, hunn dofir eng ganz besonnesch Responsabilitéit. Si musse matwielen, fir déi Frënn, Noperen, Aarbechtskolleegen an Famill, déi hir Stëmm net dierfen ofginn.
An do ass et wichteg, eng Partei - respektiv Politiker ze wielen -, déi net just Lëtzebuerg gär hunn, mä alleguer d'Mënschen, déi hei liewen.
Eng Partei, déi sech fir d’Zesummeliewe vun de Residenten asetzt an net eng, déi déi eng géint déi aner opstëppelt an ausspillt.
Eng Partei, déi net just Lëtzebuerg gär huet, mä sech och fir de Rescht vun der Welt intresséiert.
Eng Partei, déi weess, wéi wichteg eng gutt Relatioun mat eisen Noperen ass. Déi weess, datt mer Europa brauchen an déi sech och fir déi Mënschen asetzt, déi net a Fridden an a Fräiheet liewen.
Fir Mënschen, deenen hiren Alldag vu Krich an Terror dominéiert gëtt. Fir Mënschen, déi vun Doheem musse fortlafen, well se ëm hiert Liewe fäerten oder well de Klimawandel bei hinnen längst zur Realitéit gehéiert.
Et ass wichteg, eng Partei ze wielen, déi d’Aen net virum Klimawandel zoumécht an där déi, déi no eis kommen, net egal sinn.
Et ass wichteg, eng Partei ze wielen, déi konkret Léisungsvirschléi huet a weess, wéi se se kann ëmsetzen. Déi net just probéiert, mat einfache Léisungen op komplex Froe Stëmmen ze fänken.
Et ass wichteg, eng Partei ze wielen, déi weess, wéi eng Suergen d’Leit hunn. Eng Partei, déi sech an hir Situatioun kann eraversetzen an där et drëms geet, datt et jidderengem gutt geet.
Onofhängeg vun der Nationalitéit, Hautfaarf, Relioun, Geschlecht oder sexueller Orientéierung.
Et ass wichteg, eng Partei ze wielen, déi sech och nach no de Wale fir dat asetzt, wat se elo versprécht, a schafft am Intressi vun de Wieler an den Net-Wieler.