Méi Politik mat Wäitsiicht

Et gëtt wuel kaum een hei am Land, deen et net matkritt huet: E Sonndeg geet en Deel vun der Populatioun wielen. Dofir hunn d'Parteien alleguer hir Visiounen a Pläng grouss iwwert Plakater, Broschüren, Table-Ronden a Medie verbreet. Grouss Iddien, déi sech nom Waldag zum Deel schéngen a Loft opzeléisen. D'Maxime Gillen mat engem Commentaire.
Et schéngt mir, wéi wann et iergendwou e grousst schwaarzt Lach gëtt, wou d'Parteien no de Walen hir grouss Ambitiounen dra verschwannen doen. Alles, wat och nëmmen e Fonke Wäitsiicht huet, gëtt dora versenkt. Bal wéi wa se hir Pläng an Iddie misste physesch schleefen, gi mol fir d'éischt déi grouss Saachen ewechgeheit an déi kleng, méi maniabel Saachen gi weider matgeholl.
Mat grousse Saache mengen ech Probleemer, déi sech net komplett bannent 5 Joer léise loossen oder Probleemer, déi grad am gaange sinn ze entstoen an déi eréischt no der aktueller Legislaturperiod akut wäerte ginn. Dozou gehéieren de Logement, de Klimawandel oder och nach d'Immigratioun. Alles Phenomener, déi laang kee Probleem waren an ignoréiert goufen, bis se op eemol akut waren. An esouguer wéi kloer war, dass se zum Probleem géife ginn, kee sech d'Méi gemaach huet, Solutioune mat Wäitsiicht auszeschaffen.
Ob dat elo un eisem Walsystem, un de Kompetenze vun de Politiker oder u soss eppes läit, weess ech net. Ma ech stelle fest, dass scho mäi Liewe laang iwwert de Logement diskutéiert gëtt, d'Situatioun awer ëmmer méi akut gëtt an nawell näischt Substantielles geschitt ass.
Dat ass iwwregens och kee reng Lëtzebuerger Phenomen. Och an Europa a weltwäit ass d'Thema Klimawandel jorelaang an e grousst schwaarzt Lach gefall, bis mir elo mat eise Bëscher verbrennen, an eisen Iwwerschwemmungen ersaufen oder an eisen Ofgasen erstécken.
D'selwecht gesäit et mat der europäescher Flüchtlingspolitik aus. Esou laang ech mech erënnere kann, gëtt et iergendwou an der Welt e Krich, virun deem Dausende Leit fortlafen. Ma esouguer zanter 2015 zéngdausende Mënschen virun den EU-Grenze stoungen a Russland d'Ukrain attackéiert huet, gouf iwwerall just gepléischtert, ouni laangfristeg Solutiounen ze sichen. Lëtzebuerg ass do leider ee ganz besonnesch schlecht Beispill. No baussen un d'Mënschlechkeet appelléieren an heiheem jorelaang Leit a Container ouni Perspektiven an Integratioun versauere loossen.
Fir grouss Probleemer ginn et dacks keng einfach Solutiounen. Dofir muss ee se fréi erkennen an da mat Wäitsiicht ugoen. Och wa se dann a méi klengen Etappen no an no musse geléist ginn, brauch et awer e laangfristege Plang. Ech sinn iwwerzeegt: mat Wäitsiicht si grouss Pläng an Ambitiounen dann och net méi grad esou schwéier ze droen.