Gender Gap an der Chamber ass e Fakt

Iert mer an d'Wale gaange sinn, waren 22 Fraen an eisem Parlament vertrueden. No de Wale sinn et der just nach 18. Wou ass dat staarkt Geschlecht? Déi Fro stellt sech d'Annick Goerens den Dag no de Walen an hirem Tëscheruff.
42 vun de 60 gewielte Vertrieder an eisem Parlament si Männer. 18... also net mol d'Hallschent... nee, net mol een Drëttel si Fraen.
Jo, et wäert sech nach sou Munches änneren, wann d'Regierung bis steet a Kandidaten noréckelen, mä et ass definitiv eng Datz fir eist Land – wat no 10 Joer blo-rout-gréng jo gäre vu Regierungsmemberen als progressiv beschriwwe gouf.
Domadder ass et eriwwer. D'Land huet méi riets gewielt a manner Fraen.
Bravo.
Wouru läit dat?
Zanter 2016 gëtt et e Gesetz, wouranner gefuerdert gëtt, dass d'Parteien e Minimum vu 40 Prozent Fraen op hire Lëschte mussen hunn. 2018 goufen trotzdeem just eng Dose Fraen direkt an d'Chamber gewielt. Mir hunn eis also verbessert, mä Frae sinn ëmmer nach katastrophal ënnerrepresentéiert. Schliisslech liewen an eisem Land awer wuelgemierkt ronn 49,6 Prozent Fraen.
Firwat ginn also manner Frae gewielt?
Et feelt de Frae ganz einfach u Visibilitéit am Walkampf. Héchstwarscheinlech gëtt déi nächst Regierung eng schwaarz-blo. Béid Parteien hunn am Walkampf awer guer net op Paritéit opgepasst a si souguer mat männlechen Duebelspëtzten an d'Course gaangen - an dobäi sinn esou duebel besat Spëtzte bei déi Gréng an déi Lénk agefouert ginn, fir fir méi Equitéit tëscht de Geschlechter ze suergen.
Donieft kann ee sech mol déi sëllegen Table ronden an Diskussiounen ukucken op eiser Antenn an och bei anere Medienhaiser an et stellt ee fest: d'Männer dominéieren, dacks sinn et réng Männerronnen an d'Frae kréie keng Chance, sech ze weisen a beweisen, sech ze profiléieren, a ginn dann natierlech och net respektiv vill manner heefeg gewielt.
Firwat ass Geschlechter-Paritéit sou wichteg?
Eis Gesellschaft ass nach ëmmer ganz staark markéiert vun den typesche Geschlechter-Klischeeën. Deementspriechend gi Männer a Frae ganz aneschters am Laf vun hirem Liewe sozialiséiert a maachen aner Erfarungen. Fraen hunn en anere Bléck op verschidde Sujeten – eng aner Sensibilitéit - an déi Vue ass wäertvoll. Wa mer also wëllen, dass d‘Chamber zu engem richtege Spigelbild vun eiser Gesellschaft gëtt, da wier et e wichtegen Ufank - an et féiert kee Wee do laanscht - fir méi Fraen an der Chamber an och an enger Regierung ze hunn.
Well souguer ënnert enger soi-disant progressiver blo-rout-grénger Koalitioun goufen et an der leschter Legislatur just 6* Ministeschen (*wéi d'Corinne Cahen nach Familljeministesch war, dat heescht zum Schluss waren et just 5 Ministeschen!) Dat vis à-vis vun 11 männleche Ministerkolleegen.
#NeieLuc:
Et ass Zäit eis ze weisen, wat dat heescht an däi Mann, respektiv deng Fra ze stellen.