Wou de Fred Keup Recht huet, huet e Recht

Déi Gréng goufen e Sonndeg bei de Walen ofgestrooft. Dat huet manner mat hirer tatsächlecher Politik ze dinn, déi net besser oder schlechter war, wéi déi vun den anere Regierungsparteien, mee mam Gefill, dat doduerch entsteet. Dat mengt d'Michèle Sinner an hirem Commentaire.
Wou de Fred Keup Recht huet, huet e Recht. Nämlech wann e seet: Et ass Wurscht! Dat weisen d'Resultater vun e Sonndeg weise kloer an däitlech: Et ass Wurscht, ob dat, wat een de Wieler erzielt, wouer ass, realistesch, oder finanzéierbar. Et ass Wurscht, ob een Argumenter huet oder net. Wat zielt, sinn d'Emotiounen.
"Haaptsaach ni méi gréng" - dat Gefill hu souwuel d'CSV wéi d'ADR wärend hirer Walcampagne ganz aktiv befeiert. Dat huet sech fir si rentéiert. Well et ass offensichtlech duergaangen, fir datt et de Wieler Wurscht war, ob der CSV hir Walverspriechen ze bezuele sinn. Respektiv, datt d’ADR zwar vill iwwert de Wuesstem souert, mee net weess, wéi se e bremse soll.
De Xavier Bettel huet zwar net mam anti-grénge Ressentiment gespillt. Ma hie verbreet éischter gutt Laun, wéi politesch Messagen, datt ass souzesoe säi perséinleche "Superpower". A säin historesche Score vun e Sonndeg weist, datt och dee Calcul, fir op Emotiounen ze setzen, opgaangen ass.
Et ass net ganz ouni Ironie, datt elo warscheinlech eng CSV-DP-Koalitioun gëtt. Zwou Parteien, déi de Wuesstem net wëlle bremsen, ëmsou méi d’CSV mat hirem Spëtzekandidat Luc Frieden nees méi wirtschaftsliberal ginn ass. Dofir stellt sech d’Fro, wien d’Wieler a fënnef Joer bestrofen, a wie belounen, wa Lëtzebuerg bis dohi ëmmer nach net méi gemitterlech ginn ass a se am Stau stinn.
An deenen nächsten Deeg a Woche wäert sech weisen, wéi CSV an DP aus deene ganzen Emotiounen e gemeinsame Programm maachen.
Et gëtt op mannst zwee Punkten, op deene sech Luc Frieden a Xavier Bettel net eens waren: Der CSV hir "Herdprämie" an hir Steierkaddoen. Dat éischt ass méi eng Gesënnungsfro. Dat zweet eng Fro vu Geld. Spéitstens bei de Sue beweegt ee sech vum emotionalen Terrain op dee vun de Realitéite vum Defizit, an do entsteet en interessant Spannungsfeld.
D’Fro vun der Ressortverdeelung gëtt op mannst esou interessant. Mam Logement a mat der Police ass kee Präis ze gewannen. Do haten déi Gréng sech scho verschat, andeems si gemengt haten, si kéinten do méi bewierken, wéi aner Parteie virun hinnen.
An et wäert elo och weder e bloen, nach ee schwaarze Minister oder eng Ministerin kuerzfristeg souvill Wunnengen erbäizauberen, datt d’Wunnengskris a fënnef Joer geléist wier.
A souguer wa schwaarz-blo eng Gemengepolice kreéiert an nach méi Poliziste rekrutéiert, wéi dat déi lescht Jore gemaach gouf, ginn et doduerch net automatesch manner Sans-Abrien an Drogekranker op der Stater Gare, héchstens e bessert Sécherheetsgefill.
Woubäi ee fairerweis muss zouginn, et war jo dat schlecht Sécherheetsgefill, wat am meeschte beklot gouf. Net, datt déi Leit, déi et verbreeden, gréisstendeels schlecht dru sinn.
Vun dohier ass och op deene Punkte wuel Wurscht, wéi de Bilan ausfält, just wéi eng Meenung sech dozou duerchsetzt.