Regéieren oder just verwalten?

© RTL
Elo hu mer d'Resultat. D'Vollek ass e Sonnde senger Flicht nokomm. D'Politik huet d'Walresultat an da geet et mat Schwaarz-Blo iergendwéi weider mam Jabel. E Commentaire vum Jean-Marc Sturm.
"Mir hunn een akute Manktem un erschwénglechen, präiswäerte Wunnengen. D'Leit musse loune goen, well se kee Prêt kréien oder de Prêt net méi gestemmt kréien. D'Loyere klammen iwwerproportional."
Déi Sätz kéinten u sech vun haut sinn. Se sinn awer vun Hierscht 2003. Virun 20 Joer also. Deemno hu mer op deem Plang gutt geschafft.
Änleches kann ee soe beim Sujet Sécherheet an de Groussstied, Penurie u Medezinner, engem Educatiounssystem, deen net laanscht Kritik kënnt, dem gliddegen Eise vun der Integratioun, d'Fro wéi laang d'Course nom Wuesstem nach ze verkraaften ass.
Och déi Problemer hate mer virun 20 Joer erkannt. Dat war et och schonn.
En anert Beispill wier de Sujet Renten. Mat deem Thema wënnt een allerdéngs keng Walen. Also am léifsten net driwwer schwätzen.
Vläicht läit et drun, dass déi Allermeescht vun eise Politiker iwwert Léisunge philosophéieren, fir Problemer déi si selwer guer net hunn, oder de Ball flaach halen, well onkamoud Léisungen ze huele sinn. Da léiwer keng Decisioun an et lafe loossen.
Resultat: Et geet virun, wéi zënter Joren. Et gëtt meeschtens net vill nohalteg gestallt, mä éischter verwalt. Da bräichte mir um Enn weder Regierung nach Parlament. Ee Verwaltungsrot géif et och maachen.
Elo si mir emol gespaant.
Déi sougenannte Polykris huet bei de Leit de Support fir de méi progressive Wee gebremst.
Bei schwaarz-blo gëtt eng méi wirtschafts-liberal Schinn gefuer. D'Patronat ka méi berouegt schlofen. Elo dierfte verschidde Sujeten, wéi d'Aarbechtszäit verkierzen, an déi zweet oder drëtt Rei gedréckt ginn. D'Course nom wirtschaftleche Wuesstem gëtt net méi verdäiwelt. Den LCGB wäert beméit sinn, dem Luc Frieden säi soziaalt Häerz op mannst op wotlech ze halen. Wat mam grénge Mantel geschitt, ass och esou eng Fro.
An dann hu mer natierlech d'Steierpolitik.
Mech géif net wonneren, wa geschwënn dat magescht Wuert "Kassensturz" fält. Nom Bléck an déi dach eidel Staatskeess gi mer da gewuer, wéi eng Walverspriechen- an Annoncen oder sougenannte rout Linnen nach d'Strooss halen. Bei wat a wou de Luc Frieden wéi ugekënnegt och emol mat der Fauscht op den Dësch schléit, dorobber kann een och gespaant sinn. An dat dierft scho beim Verdeele vun de Ministesch-Ressorten- a Posten ufänken.
Déi Gréng mussen och ouni Fraktiounsstäerkt a mam Damoklesschwäert vum "Maintien dans l'emploi" no vir kucken. Si mussen de Wee bei d'Leit zréck fannen. Déi goufen op ville Pläng ëmwelts- a gesellschaftspolitesch iwwerfuerdert. Vläicht och, well déi Gréng wichteg Facteuren aus den Ae verluer hunn, well se sech ze vill mat Gläichgesënnten opgehalen hunn.
De Biergof vun de Grénge mécht d'Erausfuerderung Ëmwelt- a Klima allerdéngs net méi kleng.
D'LSAP muss sech erneieren an alt nees als Zil hunn, de Profil ze schäerfen. Vläicht hëlleft den OGBL, andeems de Gewerkschaftsbond den eegenen "O" méi kleng hält, fir bei der LSAP den "A" nees méi grouss ze kréien. Ma d'Genossen hate souwisou d'Talent, och an der Majoritéit opzetrieden, wéi wa se an der Oppositioun wieren. Elo sinn si et.
Déi Lénk huet hir Stamm-Clientèle a muss déi halen, well se soss Richtung ADR kéint driften. Bei der ADR ass ee wuel um Zenit ukomm. Sech do halen, ass eng aner Saach.
An da geeschtert an der Lescht d'Iddi vun enger neier Gauche aus LSAP, Gréng a Lénk.
Ech fäerte ganz, dass d'Nach-Koalitiounsparteien an der Oppositioun besser hätten, sech op sech ze konzentréieren amplaz sech an engem "soi-disant" progressive Sammelsurium ze verwässeren. Kuckt emol d'NUPES a Frankräich.
Bleiwen d'Piraten, déi si fir déi meescht vun eis nach ëmmer ee Rätsel.
Ah jo, do hu mer nach den Acteur CGFP. Där ka villes Wurscht sinn, well ee vu vir era keng Wale géint si wanne kann.