Nëmmen dräi Deeg no de Walen hunn e Mëttwoch um Schlass zu Senneng d'Koalitiounsgespréicher tëschent der CSV an der DP ugefaangen. De Wiessel, deen d'CSV wollt, ass also do – oder sou gutt wéi. Lëtzebuerg kritt eng nei Regierung an elo bleift just ofzewaarden, wéi gutt "nei" ass. E Commentaire vum Dany Rasqué.

Commentaire vum Dany Rasqué

"Nei" heescht net automatesch gutt, mä "al" natierlech och net. Op alle Fall, elo, wou decidéiert ass, datt alles nei gëtt, hunn ech mol nach eng Kéier duerch de Walprogramm vun der CSV gebliedert, fir ze kucken, wat op eis duer kënnt.

Elo kommen déi Wunnengen an Haiser, déi ee bezuele kann. Uff, endlech!

Den Index bleift bestoen. Mol kucken, wéini d'Gewerkschaften eng éischte Kéier op d'Barrikade ginn.

An der Santé ass geschwë Schluss mat de laange Waardezäiten, trotzdeem besser net krank ginn an Nodeeler duerch d’Geschlecht soll et och keng méi ginn. Do soll nach ee soen, d’CSV wéilt d’Fraen erëm hannert dem Kachdëppen hunn. Anengems soll et eng Migratiounspolitik mat Häerz a Verstand ginn. Hoffentlech huet grad keen dem Max Leners säi politeschen ABC iwwert de Luc Frieden bei Hand, well deen hat eppes vun engem politeschen Hardliner geschriwwen, dee sech um Réck vun den Demandeurs d’asyl profiléiert huet.

D’Betriber erwaart manner Bürokratie, et gëtt méi Zäit fir d’Famill an d’Kanner. Et gëtt méi Klimaschutz mat de Leit an en Déiereschutz mat Häerz a Verstand. Effektiv do hat d’CSV déi selwecht Formulatioun gewielt, wéi bei der Migratioun.

Mir hunn nach d’Sécherheet, mat deene villen neie Polizisten, d’Mobilitéit an d’Schoulen, mä ech muss ophalen alles opzezielen, wat et elo nei gëtt, well dat kritt soss keen Enn a souwisou ass e Walprogramm jo nach kee Koalitiounsvertrag. Do schwätzt d’DP nach mat – mä mir wësse Bescheed am Zweiwelsfall schléit den neie Luc mat der Fauscht op den Dësch. Dofir riskéiert et éischter e Wiertchen ze sinn, wéi där ganz grousser Téin... net datt d’CSV awer nach der LSAP hir Telefonsnummer erëm fënnt, och wann där hir CO-Parteipresidentin gesot huet, datt si souwisou skeptesch ass, datt d’Sozialisten iwwerhaapt mat deene Schwaarzen eens gi wieren.

Déi kéinten dat d’selwecht gesinn hunn, vläicht och well den neie Luc sech nach awer nach un déi al Zäite mat deene Rouden erënnert, well déi ware schliisslech domadder op en Enn gaangen, datt de Jean-Claude Juncker mat der Demissioun bei de Grand-Duc gepilgert ass.

Nee, d’CSV huet sech sou Villes virgeholl a fir dat ëmzesetzen, muss elo geschafft an net gekaazt ginn. Nom éischten Dag vun de Gespréicher sot de Formateur, d’Atmosphär tëschent Schwaarz a Blo wier esou gewiescht wéi d’Wieder: exzellent. Dat war e Mëttwoch wéi d’Sonn iwwer Bierg an Dall geschéngt huet.

En Donneschdeg e Moie stoung en éischten Tour iwwert d’Staatsfinanzen um Programm an et kann ee just hoffen, datt d’Atmosphär an deene Gespréicher sech net am Wieder erëmgespigelt huet, well et huet bis an d’Mëttesstonn riicht era gereent. Net datt "méi Netto vum Brutto" dat éischt Verspriechen ass, dat "zügeg" d’Baach era geet.