Meenung, Fakt, Carte Blanche, Meldung, Analys oder Commentaire? Wat ass da lo wat? Dat schéngt net ëmmer ganz kloer, respektiv ginn dës Begrëffer vill ze dacks falsch benotzt. Dat fënnt d’Monica Camposeo a sengem Commentaire.

De Commentaire vum Monica Camposeo

Virop: Dat heiten ass e Commentaire! Et ass meng perséinlech Meenung a keng allgemeng Wouerecht. Dat bedeit och: Mir kënne gären driwwer diskutéieren, jo souguer streiden. A mir mussen duerno och net enger Meenung sinn. Et ass och méiglech, mat Leit ze schwätzen, déi d’Saachen anescht gesinn. Eng aner Perspektiv hunn. Soulaang dobäi awer keng Leit diskriminéiert ginn oder zu Schued kommen! Dat ass fir mech d’Prämisse.

Wa mer eis also op e respektvollen Dialog eenegen, muss et duerno och méiglech sinn, sech no der Diskussioun eens ze sinn, dass ee sech net eens ass.

Bei renge Fakte geet dat net. Entweder eppes ass geschitt, oder et ass net geschitt. E Beispill: Entweder eng Bomm ass gefall oder se ass net gefall. Do gëtt et keng Meenung.

Wien awer fir seng Zwecker e Fakt als Meenung ausleet, verdréint Tatsaachen. Da gëtt implizéiert, dass een iwwert eppes, wat faktuell geschitt ass, kéint ënnerschiddlecher Meenung sinn. Oder dass een dat souguer kéint leegnen. Nom Motto: "Dat ass fir mech Quatsch, dat ass deng Meenung". Nee, ass et net. E Fakt ass keng Meenung! Wouriwwer mir awer diskutéiere kënnen, ass dat, wat dozou gehéiert. Also iwwert e méigleche Grond spekuléieren oder extern Facteuren, déi en Afloss kéinte gehat hunn, oder nach, ob een déi Tatsaach perséinlech als schlëmm oder manner schlëmm empfënnt. Zum Beispill, ob een der Meenung ass, dass et eng Roll spillt, dass Fraen an der Chamber staark ënnerrepresentéiert sinn. Mä dass vill manner Frae wéi Männer am Parlament sëtzen, dat ass nu mol e Fakt.

De Problem, wa Begrëffer duerchernee geheit ginn, ass dass net méi sachlech iwwert eppes geschwat gëtt. Da kommen d’Emotiounen, et gëtt alles an en Dëppe geheit a vu baussen huele sech d’Lieser oder d’Nolauschterer dat, wat si emotional am meeschten uschwätzt. Egal ob an der Press oder am Privaten. An dann hu mer an enger Gesellschaft eng Diskussiounskultur, déi net méi genee weess, wat da lo Fakte sinn, a wat eng Analys oder e Commentaire. Et gëtt net méi ënnerscheet. A wou Duercherneen ass, gesäit och kee méi wierklech de Fong vun der Diskussioun.

Als Press ass et dowéinst ëm sou méi wichteg, kloer dorop hinzeweisen, ob et sech ëm e Reportage, eng Analys oder e Commentaire handelt. Als Lieser muss een dat awer och beuechten, wann ee mat engem Artikel confrontéiert ass. Eng politesch Analys vum Walresultat ass eben eng perséinlech Analys! Dofir kann een dozou och net soen, dass se falsch ass. Héchstens kënne verschidde Punkten anescht ausgeluecht ginn. Oder et ass een net domadder d’Accord. Mä eng Analys huet guer net den Usproch, déi absolut Wourecht ze sinn. Esou wéi och e Reportage net alleguerten d’Facettë vun engem Problem duerstellt. Eng Lëtzebuerger Famill, déi iwwer d’Grenz an d’Groussregioun wunne geet, ass just ee Beispill, fir de Logementsproblem z’illustréieren.

Mediebildung, e Verständnis fir Informatiounen, dat ass an enger séierer an ëmmer méi digitaliséierter Welt onbedéngt noutwenneg. Un d’Journalisten ass et dann och vläicht den Appell, eis Aarbecht méi dacks ze erklären. Wéi funktionéiert d’Press, wéi schaffe mir, wat sinn d’Uspréch un de Journalismus? Méi Transparenz ka sécherlech ni schueden. An ech gräife vir: Wann elo Leit fannen, dass d’Press hir Aarbecht net gutt mécht, och doriwwer soll ee kënnen diskutéieren. Dorëms geet et an dësem Commentaire awer net.

Mä allgemeng deet et enger Gesellschaft sécherlech gutt, ze diskutéieren, ze streiden an ënnerschiddlecher Meenung ze sinn, soulaang – wéi gesot – dat respektvoll geschitt a Meenungen a Fakten net duerchernee geheit ginn.