Wéi Demokratie fillt et sech net un

Méi wéi 660.000 Awunner – a just knapp 286.000 Wieler. Bal d’Hallschent vun der Populatioun däerf net matbestëmmen, wien an d’Chamber sëtze kënnt.
Et ass e kloren Demokratie-Defizit. D’Auslännerwalrecht bleift deemno een Thema. Dat fënnt d’Rosa Clemente a sengem Commentaire.
Sinn Auslänner wierklech een Deel vu Lëtzebuerg? An der Theorie jo. Am praktesche Sënn nee. Op mannst net op politeschem Niveau.
47,2 Prozent vun den Awunner zu Lëtzebuerg sinn Auslänner*. Déi Volljäreg dovun hu bei de Chamberwalen net dierfte mat wielen. Lëtzebuerg ass en demokratescht Land – et fillt sech just net ëmmer esou un, wann een net zu der Hallschent gehéiert, déi och wielen däerf. Fir mech stellt dat ganz kloer d’Demokratie a Fro. D’Auslännerwalrecht ass kee kale Kaffi.
Méi wéi 73 Prozent vun de Bierger hei am Landhunn, esou wéi ech, ee Migratiounshannergrond.** Et kritt ee gesot, et ass een en Deel vun der Gesellschaft – well schliisslech däerf ee sech als Auslänner jo op eng Wielerlëscht aschreiwen a bei de Gemengewale mat wielen - mee ass een tatsächlech een Deel vun enger Communautéit, wann een net an allem och déi selwecht Rechter huet?
Et kann een 10, 20 oder 30 Joer hei am Land wunnen, schaffen, seng Kanner grouss zéien, zum Wuesstem vum Land bäidroen - et spillt keng Roll. Wann een Auslänner ass, däerf een net matbestëmmen, wéi eng Partei an der Chamber déi meeschte Sëtz kritt. Ee Lëtzebuerger, deen zanter 20 Joer op der Côte d’Azur lieft, däerf dat awer. Eng Persoun, déi an engem anere Kontinent sëtzt an nach ni zu Lëtzebuerg gelieft huet, iwwert de sougenannte Recouvrement elo awer d’Nationalitéit kritt huet, déi däerf dat och. Kléngt komesch, oder?
Jo, 2015 gouf et schonn ee Referendum. Mee hunn d’Wieler deemools och tatsächlech d’Konditioune verstanen, déi mam Auslännerwalrecht zesummenhoungen? Datt fir d’Auslänner d’Chamberwalen net obligatoresch wieren, datt si sech dofir misste virdrun op eng Wielerlëscht aschreiwen, datt si missten zanter méi wéi 10 Joer zu Lëtzebuerg wunnen an op d’mannst schonn eng Kéier u Gemengen- oder Europawalen deelgeholl hunn. Ech bezweifelen et.
Mat bal 80 Prozent vun de Stëmmen huet sech deemools de NEE duerchgesat. Kléngt no enger staarker Ausso vun der Populatioun – mir schwätzen awer och hei am Ganze just vu knapp 163.000 Lëtzebuerger, déi dogéint gestëmmt hunn. Ee Brochdeel vun der Gesamtpopulatioun. A mat deem Referendum war d’Saach gedoen. Den Tirang mam Thema Auslännerwalrecht zou gemaach. Et freet ee sech just fir wéi laang?
Ech selwer hunn 2013 déi Duebel-Nationalitéit kritt an däerf zanter hir och wielen. Ech sinn awer der fester Iwwerzeegung , datt ech et net méi verdéngt hunn wéi all anereMatbierger hei am Land, deen de Grand-Duché als säin Doheem gesäit - Egal ob en um Pabeier Auslänner ass.
Wisou froen d’Auslänner dann net déi Lëtzebuergesch Nationalitéit un, fir kënnen ze wielen? - froe sech déi eng. An ech froen zeréck: Wisou hänken an engem Europa ouni Grenze Politik an Nationalismus nach ëmmer esou staark zesummen?
D’Nationalitéit ass fir mech en Deel vun der Identitéit. Et huet a mengen Aen en emotionale Wäert. Wiele sollt dogéint ee Grondrecht si fir all an enger Demokratie.
*an ** STATEC: Vollekszielung 2021 (https://statistiques.public.lu/fr/recensement/arriere-plan-migratoire.html )