D'Koalitiounsverhandlungen tëscht CSV an DP lafen op Héichtouren. Déi nei Regierung soll am Idealfall bis Dezember stoen.

Vun alle Säiten ass ze héieren, datt et am Moment reng ëm Inhalter geet. Iwwert Personalie géing réischt ganz zum Schluss diskutéiert ginn. Dobäi stellt sech d'Regierungsekipp quasi vum selwen zesummen, mengt de Marc Hoscheid an engem liicht ironesch an deels bëssi sarkastesch gemengte Commentaire.

Commentaire vum Marc Hoscheid

Mir gi lo mol einfach dervunner aus, datt déi nei Regierung aus 15 Ministere bestoe wäert. 9 fir d'CSV a 6 fir d'DP. Fänke mer mat der CSV-Ekipp un:

Den Heiland Luc Frieden, deen d'CSV vu mickregen 21 Sëtz am Joer 2018 op fantastesch 21 Sëtz am Joer 2023 gefouert huet, gëtt Premier, dat ass keng Diskussioun. Donieft gëtt hien och Medieminister, huet en dach souwuel als Korrespondent bei RTL, mee virun allem als Verwaltungsrotspresident bei Saint-Paul een exzellenten Androck hannerlooss an ass mam 100,7-Direkter Jean-Lou Siweck quasi befrënnt.

De Finanzressort kroopt sech de Gilles Roth. Als fréiere Beamten an deem Ministère kann hie sech selwer als riets Hand an deene wichtegen Dossiere mat Rot(h) an Dot zur Säit stoen.

Fir alles, wat mat Suen ze doen huet, ass am Fong och den Hesper-Buergermeeschter Marc Lies predestinéiert. Mee hie wäert sech mam Logementsministère zefridde musse ginn. Virun allem an de Gemenge ronderëm d'Stad dierft et zu enger massiver Offensiv beim Bau vun abordabelem Wunnraum kommen.

De Léon Gloden gëtt iwwerdeems Justiz-, Police- an niewebäi nach Verdeedegungsminister a Personalunioun. De Mister Law and Order wäert ënnert anerem mat enger Gemengepolice, déi op Päerd ënnerwee ass, derfir suergen, datt sou kriminell Hot-Spote wéi d'Stater Gare, de Park Gerlach zu Déifferdeng oder Esch-Uelzecht als Ganzt sou sécher a liewenswäert wéi Gréiwemaacher ginn, just eben ouni Musel.

D'Martine Hansen gëtt Konsumenteschutz- a Landwirtschaftsministesch. Si huet net nëmmen Agrarwëssenschaft studéiert a war Direktesch vun der Akerbauschoul, mee huet och nach méi Hoer op den Zänn wéi deen häertste Bauer vun Hannerknuppescht.

Fir datt dat éiwegt Gestreits tëscht Landwirtschafts- an Ëmweltministère endlech een Enn kritt, gëtt de Cousin Christophe Hansen net nëmmen Energie- mee och Ëmweltminister. Esou kënnen all Konflikter um kuerzen Déngschtwee op de Familljefeiere gekläert ginn.

Nei Familljeministesch gëtt d'Elisabeth Margue. Dee Posten ass esouwuel eng Belounung fir hiert gutt Walresultat wéi och dofir, datt si gehollef huet de Frank Engel als CSV-President ofzeseeën an dofir esouguer viru Geriicht gelant ass. En plus verkeeft eng jonk Fra eng konservativ Familljepolitik besser wéi een ale Mann. Pardon, Marc Spautz.

De Ressort Mobilitéit geet un de Serge Wilmes. Wann eng Gemeng an deene leschte Jore fir d'Fërderung vum ëffentlechen an nohaltegen Transport stoung, da war et d'Stad Lëtzebuerg. Hie freet sech lo schonn drop, dem François Bausch säi séieren Tram vun der Stad op Bieles op d'Schinn ze setzen.

Sportminister gëtt de fréieren Turnproff Georges Mischo. Alles ass besser, wéi an engem Schäfferot mam Meris Šehović ze setzen. Do dernieft gëtt hien och Sozialminister. Op hie seng Iddi, de Mindestloun ze indexéieren, wäert duerchsetze kënnen, bleift ofzewaarden.

Gi mer dann eriwwer bei d'DP:

De Xavier Bettel gëtt Vize- an Ausseminister. Dat schonn eleng, fir datt sech déi auslännesch Politiker a Journaliste keen neien Numm verhale mussen. Schlëmm genuch, datt d'Madame Illner an Zukunft op de Monsieur Jang verzichte muss.

Fir de Xavier Bettel 2.0, de Lex Delles, ginn de Mëttelstands-, den Tourismus-, den Aarbechts- an de Wirtschaftsministère zesummegeluecht. Virun allem tëscht de Beräicher nohaltegen Tourismus a Space ginn et vill Iwwerschneidungen a Potenzial.

D'Yuriko Backes muss hire Finanzministère jo un de Gilles Roth ofginn. Dofir gëtt si Innen- a Kulturministesch. Fir deen zweete Poste ass si allerdéngs bal iwwerqualifizéiert, well, wéi mer an der RTL-Emissioun "Pasta a Politik" geléiert hunn, si 6 Méint probéiert huet, ze léiere wéi ee Gittar spillt.

De Max Hahn bleift als Éischtgewielten op der Süd-Lëscht Deel vun der Regierung. Well en de Familljeministère un d'Elisabeth Margue muss ofginn, kritt en de Kooperatiounsministère derbäi. Dernieft behält en den Dossier Groussregioun. Zil dierft et sinn, d'Grozussregioun bis op Bréissel, Berlin a Paräis auszedeenen.

De Claude Meisch wéilt zwar am léifste Educatiounsminister bleiwen, mee et dierft ee sech wuel fir ee politesche Quereinsteiger mat Erfarung aus dem Schoulberäich, am beschten eng Fra, entscheeden. Sollt sech keng Fra mat Anung fannen, hëlt een einfach déi Zweetgewielten aus dem Osten, d'Carole Hartmann.

Feelt nach de Poste vum Gesondheets- a Sécurité-sociale-Minister. Dee kéint gefillt jidderee kréien, deen net Gérard Schockmel heescht. Et kënnt net ëmmer gutt un, wann ee sech penetrant opdrängt. Zudeem muss nach ee vun der Nord-Lëscht placéiert ginn. Well weder de Fernand Etgen, nach den André Bauler wëllen, kéint den Tour um Marc Hansen sinn. Mee well deen déi zweete Plaz op der Lëscht mat 2.000 Stëmmen ze mann net grad hauchdënn verpasst huet, kéint ee mam Véiertgewielten Schierener Buergermeeschter Eric Thill ee Mann an d'Regierung bréngen, deen op mannst op Gemengenniveau scho mol Wale gewonnen huet.

Sou lo steet se, d'Regierung Frieden/Bettel. A lo ka rëm weider iwwert Inhalter diskutéiert ginn.