D'Mille vun der Justiz

D'Mille vun der Justiz, déi dréine lues. Dat ass eng allgemeng Perceptioun an der Gesellschaft. Mee wisou brauchen da munch Dossiere sou laang? E Commentaire vum Diana Hoffmann.
Et sinn dacks d'Fäll am Strofrecht, déi op Onverständnis stoussen, bei den Delaie vun der Uklo bis zum endgültege Jugement. Mee natierlech net just do, jiddereen huet scho vu méi oder manner spektakulären Affären héieren, déi sech elle laang gezunn hunn. Eng pauschal Ausso iwwert d'Grënn dofir ass natierlech net méiglech. Mee allgemeng Constaten, kann een awer maachen, mat der Sich no den Ursaachen.
Lëtzebuerg huet sech iwwer d'Jore vill verännert. D'Populatioun ass an 10 Joer ëm 25 Prozent gewuess. Méi Mënsche brauchen och méi e grousse Rechtsstaat. Bei der Police gëtt massiv rekrutéiert. Méi Polizisten heescht natierlech méi opgedeckte Strofdoten. Vu massivem Rekrutement bei der Justiz, fir dat wat dono kënnt opzefänken, huet een do manner héieren.
D'Dossiere stapele sech. Et feelt u Magistraten, déi trotz gudde Paien net wëlle kommen. Aus de Kulissen heescht et, gutt Paie jo, mee am Verglach zum Beruff vum Affekot, wieren dës fir vill net lukrativ genuch, fir e Wiessel an d'Magistratur virzehuelen. Den Ament feelt et awer net just u Riichter a Substituten um Parquet, déi sech méi am Ufank vun hirer Karriär decidéieren, dëse Wee anzeschloen.
A bal alle Beräicher feelt et och u spezialiséierte Magistraten. Zum Beispill am Droit économique et financier. Lëtzebuerg ass zu enger vun de gréisste Finanzplaze weltwäit gewuess. Um Parquet sinn awer just eng gutt Dose Substitute fir dëse Volet responsabel. Op där anerer Säit steet bei esou Affären, eng ganz Armada un Affekoten.
Och esouguer de Barreau fuerdert vun der neier Regierung eng Analys fir d'Aféierung vun enger sougenannter Passerelle. Also fir besser Konditioune fir qualifizéiert Leit, déi wëllen an d'Magistratur wiesselen. Fir dass esou ee Choix net, wéi bis elo, en Abroch vun der Karriär géing bedeiten, wou d'Zäit Haaptkrittär fir den Opstig bleift. A Fro fir e Karriärswiessel kéimen zum Beispill Leit aus Ministèren, déi Droit studéiert hunn, oder spezialiséierten Affekoten, déi dacks a groussen Etüde schaffen.
Fir Aussestoender klengen natierlech Fuerderunge vu bessere Konditiounen an eventuelle finanziellen Ureizer no engem Kloen op héijem Niveau. Anersäits ass et awer och eng Fro vun der Offer an der Demande. Wat ass d'Alternativ? Jorelaang op Urteeler waarden, d'Untersuchungshaft ëmmer nees ausbauen oder d'Qualitéitsuspréch fir Urteeler erofschrauwen? Alles keng Léisungen.
D'Aféierung vun enger Comparution immédiate, wéi vu verschiddene Parteien am Walprogramm gefuerdert, kéint kuerzfristeg zu enger Entlaaschtung vum Justizsystem bäidroen. Bei klengen Drogendelikter oder Déifstall géing d'Urteel zäitno gesprach ginn. Beschëllegter géingen dann net méi deels méintlaang an Untersuchungshaft waarden. Déi aner Säit vun der Medaile: Eng séier Verurteelung kéint op Käschte vun enger gudder Verdeedegung goen.
D'Justiz net laang mat klengen Delikter blockéieren, wier awer bestëmmt e Schratt an déi richteg Richtung, mee sécher och eleng keen Allheelmëttel.