D’Migratioun ass eng vun de gréissten Erausfuerderungen an Europa. D'EU fënnt zanter Joerzéngte keng Léisungen an hei zu Lëtzebuerg si mer och hanne bäi a vir widder.

Alt nees wéinst eisem Wunnengsproblem.

Commentaire vum Carine Lemmer

Krisen a Kricher loossen d’Leit flüchten. Derbäi kommen nach Wirtschaftsflüchtlingen, déi och hiert Gléck versichen. De Klimawandel verdreift Mënschen. De Migratiounsdrock wäert definitiv nach weider zouhuelen.

Keng europäesch Solidaritéit

Zanter Joerzéngte kréien déi aktuell 27 EU-Länner sech net op eng fair Flüchtlingspolitik gëeenegt. Europäesch Solidaritéit gëtt et net. Fir datt manner Leit an Europa kommen oder nees kënnen zréck geschéckt ginn, brauch et verlässlech Partner baussent der EU. An déi sinn net sou einfach ze fannen.

Déi verschidde Länner mussen also kucken, fir mat der Situatioun an hirem Land eens ze ginn. Zu Lëtzebuerg si mer elo un eise Limitten ukomm. Mir hunn net direkt e Flüchtlingsproblem, mä e Logementsproblem. D’Flüchtlingsstrukture si voll an iwwerlaascht a well de Minister Asselborn Familljen a Kanner net wëll nees heem schécken, musse Männer, déi schonn eng Asyldemande an engem anere Land gemaach hunn, waarden a kréien net d’office e Bett.

D’nächst Woch mécht d’Wanteraktioun op. Da muss kee méi ënnert enger Bréck schlofen. Mä de Problem vu feelender, europäescher Solidaritéit, vu feelender Solidaritéit vun de meeschte Gemengen hei am Land a vu Proprietären, déi net verlounen, ass domadder net geléist.

Keng Solidaritéit bei de Gemengen

D’Flüchtlingstrukture kraze schonn zanter Joren un hire Limitten. Just een Drëttel vun de Gemenge huet iwwerhaapt Flüchtlingsbetter. Sozialwunnenge sinn och e ganz raren Artikel. A wa sou Wunnenge sollen an enger Gemeng entstoen, ass de Widderstand dacks grouss. «D’Leit sinn op d’Barrikade gaangen», sot de Syvicol-President Emile Eicher lo an engem Wort-Interview. Well 600 oder duerno 300 Demandeurs d’asile sollten an de Gemengen opgeholl ginn. Dat war alles ze vill. Firwat ass dat esou? Well de Mënsch dat Friemt dacks fäert a fäert säin eegene Confort ze verléieren.

An de Flüchtlingsstrukture sëtzen awer och zu 40% Mënschen, déi u sech net dohi gehéieren. Déi schonn de Statut hunn, déi an enger normaler Wunneng misste liewen. Mä där fanne se keng. Et feelen hei am Land massiv Wunnengen, déi ee sech ka leeschten. Den Drock um Locatiounsmarché ass riseg. En Asylberechtegten, deen nach an enger Flüchtlingsstruktur wunnt, huet do ganz schlecht Kaarten, respektiv guer keng Chance.

Kee politeschen Drock?

Mir hunn also eng Wunnengskris an nawell ginn et iwwerall am Land eidel Wunnengen an Haiser. Wéi vill et der sinn, weess keen. Eng Wunneng ass fir ze wunnen. Wann dat schonn net geschitt, soll et wéinstens besteiert ginn. Eng national Steier – déi kommunal ass deene meeschte Gemengen ze onpopulär – huet et an dëser Legislatur net gepackt.

Mir waarde voller Hoffnung op déi nei Regierung.