Déi nei Regierung wäert an den nächsten Deeg vereedegt ginn. Domat dauert et och net méi laang, bis an der Chamber nees geschafft gëtt.

Theoretesch wier d'Parlament och virdru schonn handlungsfäeg. An der Praxis geschitt awer näischt. En Zoustand, dee weist, wéi et ëm d'Stäerke vum legislative Pouvoir steet, fënnt d'Fanny Kinsch a sengem Commentaire.

Commentaire vum Fanny Kinsch

Den 8. Oktober gouf eng nei Chamber gewielt, net eng nei Regierung. De 24. Oktober gouf en Deel vun der neier Chamber vereedegt, déi 14 Regierungsmember, déi gewielt goufen, awer nach net. Verschiddener vun deenen anere 46 wäerte wuel an der nächster Regierung Verantwortung iwwerhuelen. Bis dohinner kann een awer mol net dovunner schwätzen, dass se den Nächstgewielten de Stull waarm halen, well se sëtze sech iwwerhaapt mol net. Zanter dem 24. Oktober steet all Dag dat selwecht am Kalenner, "aucun événement". Keng ëffentlech Sëtzungen, keng Kommissiounen. Dat eenzegt Liewenszeechen aus der Chamber si parlamentaresch Froen, där hunn d'Piraten der 18 gestallt, déi gréng 2, déi Lénk an d'DP eng. Et gouf nach keen neie Chamberpresident gewielt, well souguer dat ass en Deel vun de Koalitiounsgespréicher.

Ma firwat geschitt quasi näischt? Et ass einfach nozevollzéien dass déi al Regierung, déi hir Majoritéit verluer huet a just nach fir d'Gestioun vun de lafende Geschäfter zoustänneg ass, keng nei Projeten an d'Chamber bréngt. Déi nei Deputéiert si jo awer gewielt an hunn domat hir Legitimitéit, d'Kräfteverhältnis tëschent de Parteien ass kloer. Wat schwätzt dogéint, datt déi parlamentaresch Kommissiounen hir Aarbecht ophuelen an un deene Gesetzesprojete weider schaffen, déi schonn deposéiert goufen? Bei verschiddene Gesetzestexter gëtt et iwwerdeems e breede politesche Konsens. Wéi d'Woxx am Juli gemellt huet, stoung et an der leschter Legislaturperiod just bei 5 Prozent vun de Votten 31 zu 29, a méi wéi d’Hallschent huet d'Chamber souguer eestëmmeg ofgestëmmt. Kéint een net esou Projete scho mol viru bréngen?

An och wann d'Chamber den Ament net iwwer Texter ofstëmme wëll, misst dann net op d'mannst Plaz fir ëffentlech Debate sinn? Et gëtt jo och virum Ofschloss vun de Koalitiounsverhandlungen eng politesch Aktualitéit, bei där et d'Bierger dierft interesséieren, wéi d'Volleksvertrieder sech positionéieren. Just een Dag virun de Walen ass de Konflikt am Noen Osten op dramatesch Aart a Weis eskaléiert. Anert Beispill: Kuerz no de Walen huet den Ausseminister faisant fonction decidéiert, dass verschidde Demandeure vun internationalem Schutz net méi ënnerbruecht ginn. Interpellatiounen, eng Diskussioun an der Chamber gouf et keng, just eenzel parlamentaresch Froen.

Sou richteg ze stéiere schéngt den aktuelle Leerlauf déi Mannsten, bis op en Deputéierte vun déi Lénk, deen op X schreift, et wier net normal an ondemokratesch, datt d'Chamber net komplett wier an net richteg géing fonctionéieren. Déi gewielte Parlamentarier vun der CSV op där anerer Säit hale sech zum gréissten Deel ëffentlech mat all Zorte vu Stellungnamen zréck, Interview-Ufroe goufe mat Verweis op d'Koalitiounsgespréicher ofgeleent.

D'Regierung gëtt bei de Chamberwalen zwar net gewielt, ma fir d'Politik schéngt dat awer den Zweck vun dëse Walen ze sinn. D'Deputéiert sinn op Basis vun hirem Walprogramm an hirer Campagne gewielt ginn, net wéinst dem Koalitiounsaccord. Natierlech gehéiere Kompromësser zu der Politik, ma et géing der Chamber gutt zu Gesiicht stoen, wann d'Deputéiert och nach heiansdo géingen drun erënneren, firwat si stinn. Och virum Ofschloss vun de Koalitiounsverhandlungen.