CSV an DP hunn de Koalitiounsaccord ënnerschriwwen. A kuerz drop och déi éischt Detailer op enger Pressekonferenz ëffentlech gemaach, wéi si „Lëtzebuerg fir d‘Zukunft stäerken“ wëllen. De Pierre Jans fënnt vill pro, mä och contra.

De Commentaire vum Pierre Jans

Wuelstand läämt. A Lëtzebuerg war e bëssen agerascht. En Zoustand, dee Blo-Rout-Gréng um Enn vun der gemeinsamer Zäit – a gebeutelt vu Corona an de Konsequenze vun neie Kricher - och net méi changéiert krut. Obwuel jiddereen et matkrut: den Aarmutsrisiko klëmmt virop wéinst de Logementskäschten, d'Ekonomie kränkelt, de Klima souwisou.

CSV an DP wëllen déi Problemer pragmatesch ugoen. Hir Propose kennt een aus dem Walkampf. Elo sti se e bëssi méi konkret am Koalitiounsprogramm.

Lëtzebuerg brauch dat Liichtféissegt, dee Pragmatismus, deen zwou Parteien, déi sech no fënnef Wochen eens waren, kënnen hunn.

Do ass d'Logementskris: d'Prozedure waren de gréisste Problem fir méi ze bauen. Elo kann de Bauperimenter erweidert ginn. Mam Guichet unique soll de Pabeierkrich gestoppt ginn. Et muss een d’Demande mat de Pabeieren an Zukunft net méi op e puer Plazen areechen an et kann een online suivéieren, wou den Dossier drun ass.

Den neie Premier argumentéiert dat mat Proportionalitéit an Effikassitéit an deelt domat och géint déi Gréng an hir zäitopwänneg Ëmwelt-Etüden aus. Ech hoffen awer, dass d’Administratioune mat den Dossieren nokommen. Wann net, besteet de Risk, dass wëll drop lass gebaut gëtt: de Prinzip vum Silence vaut approbation gëtt jo agefouert.

Keng Äntwert heescht Jo. Mä en Nee, ass heiansdo wichteg. Well ech froe mech awer, ob et an dësen Zäiten fir éierlechen Natur- a Klimaschutz net och e bëssen Ideologie brauch. Mä gutt, iwwer dat Grousst Ganzt kann een ëmmer schwätzen. Schwaarz-Blo geet et elo ëm:

Den Invest an de Steen – eng wichteg Variabel an hirem Plang vun der Wunnengsbauoffensiv. Dee soll duerch steierlech Erliichterungen nees ugekuerbelt ginn. Wann awer direkt méi investéiert wëll ginn, ewéi disponibel ass, klammen d’Präisser. Wat virop nees méi aarme Stéit, dacks Jonke schuede géif. Den neie Logementsminister Claude Meisch muss Fangerspëtzegefill beweisen an dësem Fulltime-Job. Mä där huet en der zwee. De Logement muss sech och an der neier Regierung mat engem anere Ressort ëm d’Opmierksamkeet vum Minister streiden. Dat ass schwéier ze verstoen.

De Gilles Roth ka sech dogéint op säi Finanzministère konzentréieren an als éischt de Barème endlech nach weider un d’Inflatioun upassen. An oppassen, dass effektiv bis 2026 e Projet do ass, fir d’Steierklassen graduell z’änneren respektiv ganz ofzeschafen. Deen Datum kräizen ech mir op alle Fall am Kalenner un.

E gewësse Spillraum kritt de Finanzminister jo scho vum Chef: d’Staatsschold däerf och iwwer 30 Prozent vum PIB goen, wann d’Trajectoire stëmmt, dat wäerten d’Ratingsagence scho verstoen, wéi de Luc Frieden versprach huet. Do muss een dem fréiere Bankier elo wuel einfach vertrauen, dass dee weess, wéini d’Trajectoire net méi stëmmt.

Vill Sujete sinn op d’Kompetenze vun e puer Ministèren opgedeelt. Doduerch versprécht den neie Premier sech e besseren Equippegeescht, dass d’Problemer zesummen ugepaakt ginn. Grad esou kënnen awer eventuell parteipolitesch Streideren, déi een elo gewass net ausschléisse kann, dozou féieren, dass éischter einfach Dossieren, komplizéiert gemaach ginn. De Luc Frieden seet hie kéint dat moderéieren.

Si mer gespaant, wéi et geet mat Schwaarz-Blo! Déi aner Woch geet et lass.