Digitalisatioun am Interêt vum Patient

Ob fir de Gebuertsdag, d'Feierdeeg elo oder dat neit Joer – dacks wënscht ee senger Famill a Frënn eng gutt Gesondheet. Mir hu bei wäitem net de schlechtste Gesondheetssystem hei zu Lëtzebuerg, ma op ville Plazen ass nach Loft no uewen, mengt d'Claudia Kollwelter a sengem Commentaire.
Ass ee kärgesond a geet just mol vun Zäit zu Zäit mat engem klenge Bobo oder fir eng Kontroll bei en Dokter, da kann ee sech warscheinlech net groussaarteg bekloen an et fält engem och weider net op, datt et Problemer am System ginn – tant mieux géif ech alt soen an hoffen, datt et fir déi Leit och sou bleift. Ass dat awer net de Fall, da muss ee sech net just ëm seng Gesondheet ploen, mee och ëm ganz vill aneres. An dobäi kéint et sou vill méi einfach sinn – Stéchwuert Digitalisatioun.
Den digitale Patientendossier zum Beispill gëtt et schonn zanter enger Rei Joren. En Outil, deen awer nach vun de mannste benotzt gëtt. An dobäi kéim en a mengen Aen all de Patienten ze gutt. Sëllege Resultater vu Laboen, Röntgen, soss Analysen, oder Diagnose vu verschiddenen Doktere kann een all an deem digitalen Dossier regroupéieren. Domat spuert een net just onnéidege Pabeierkrom, mee och vill Zäit fir eng uerdentlech Prise en charge doduerch, datt een de gesondheetlechen Historique jo do erëm fënnt an deen dem Dokter zur Verfügung stelle kann. Suen an Zäit kéinte gespuert ginn. Ma vläicht ass dat och de sprangende Punkt, wisou d'Begeeschterung bei verschiddenen Dokteren oder Spideeler sech a Grenzen hält. Eng Partie Magouillë géifen da vläicht mol opfalen, genee wéi Analysen oder aner Prozeduren, déi onnëtz sinn oder duebel an dräifach gemaach ginn, well deen een Dokter net weess, wat deen anere gemaach huet.
A Punkto Digitalisatioun schénge mer awer och bei engem weidere Punkt einfach net virun ze kommen am Lëtzebuerger Gesondheetssystem – den Tiers payant! Wéi laang gëtt schonn driwwer geschwat? Zanter puer Méint soll e prett sinn, ma duerch sëllege Grënn ass de System awer nach net operationell. D'Leit waarde weider – antëscht wochelaang – op hir Remboursementer vun der Gesondheetskeess. Och hei ass et de Patient, deen drënner leit.
Natierlech ass d’Digitalisatioun an der Santé gekoppelt mat engem Ëmdenken, mat ufanks vläicht och engem méi groussen Opwand bis ee sech un den neie System gewinnt huet, an engem säin Dossier och mam ganzen Historique gefëllt ass. Ma op laang Dauer ass et fir de Patient méi einfach, wann ee muss bei ënnerschiddlech Doktere goen, wann een an e Spidol muss, wou een nach net war. Onnéideg Interventioune kéinten evitéiert ginn, Zäit gespuert ginn an idealerweis misst de Patient dann och net méi den Total vun de Prestatiounen, mee just nach säin Undeel bezuelen.
À voir a wéi wäit déi nei Regierung gewëllt ass, sech hannert dës Dossieren ze knéien, fir se endlech no vir ze bréngen am Interêt vum ganze Gesondheetssecteur, ma virun allem vun de Patienten.