D'Pensiounen an der Diskussioun "de loin ou Deprez"

© RTL
Pensiounskeess muss reforméiert ginn. A 4 Joer ginn déi lafend Recetten, déi all Joer erakommen, net méi duer fir déi lafend Depensen ze decken. Gëschter huet d’Ministesch fir d’Santé an d’Sécurité sociale d’Martine Deprez an der Gesondheets- a Sozialversécherungs-Kommissioun den Deputéierten de Regierungsprogramm presentéiert. Ee Commentaire vum Jean-Marc Sturm.
Bei der Walcampagne goung et thematesch vun A wéi Aarmut bis Z wéi Zesummeliewen.
Bei de Pensiounen hat een d'Impressioun wéi wann d'Parteien no de Wale frou waren dass dee komplexen Dossier virun de Walen net thematiséiert gouf. All ze vill Frënn mécht ee sech bei deem Sujet net, an d'Beléiftheet ass awer nu mol de Fonds de Commerce vun eise Politiker.
Och déi nei Regierung hält sech relativ bedeckt. Am Koalitiounsprogramm gëtt et zum Sujet grad emol 11 an eng Hallef Zeilen a Form vun 3 Abschnitter. Dodran ugekënnegt Consultatiounen
Et ass elo awer net esou wéi wann d'Diskussioun eréischt elo ugefaangen hätt. Entschëllegt: Se geeschtert zënter dem Jean-Claude Juncker sengem ominéise 700.000 Awunnerstaat, an der Politlandschaft.
Ugangs 2013 ass mat der Rentereform een Automatismus agefouert ginn deemno d'Renten-Upassung gekierzt oder ganz ausgesat gëtt wann d'Finanzen den Hick kréien. Dat soll neisten Estimatiounen no 2027 de Fall sinn. Där Echeancë gouf et schonn e puer.
D'Hausse vum Emploi heiheem, an domadder verbonnen d'Wuesstemsspiral hunn déi Deadline weider verréckelt op elo eben 2027. Dat wier kuerz virun den nächste Walen an et misst un d'Reserve goen. Stoff fir grouss politesch Ausernanersetzungen. Mä déi goufen och fir d'Campagne 2018 virausgesot mat och deemools bei de Parteien dem Motto" Am beschten net driwwer schwätzen"
Elo gëtt driwwer geschwat. Et ginn zënter der Rentereform vun 2013 ënnert der Regie vun engem sozialistesche Ma(r)stodont déi 3 grouss Stellschrauwen.
D'Cotisatiounen, d'Prestatiounen an d'Liewensaarbechtszäit. Bei der drëtter Schrauf war festgehale ginn dass ee mëttelfristeg a progressiv bis zu 3 Joer méi schaffe soll oder manner an der Rent kritt. An deem Sënn " vive d'Iwwerleeungen iwwert Aarbechtszäitreduktioun"
Bei der Hausse vun de Cotisatioune kritt d'Patronatssäit een décken Hals .
D'Gewerkschafte kënne mat méi Cotisatioun liewen, net awer mat manner Prestatioun. D'Politik néckt mam Kapp oder billt am Rapport 35 zu 25.
D'Regierung huet elo eng weider Pist an d'Arena geworf: Bis op Weideres gëtt net un de Cotisatioune gedréit, mä et kéint ee bëssen un den aktuelle Prestatioune feilen an op Zousazpensioune via den Employeur oder op privat Zousazversécherunge setzen.
Skandal bläert d'hell-respektiv donkelrout wéi och déi gréng Oppositioun. D'Regierung wéilt beim éischte Pilier zouschloen, well do am meeschte Geld ze spueren ass. D'Schéier tëscht Aarm a Räich géif nach méi grouss ginn. Bei de Pilieren zwee an 3 géif et just funktionéiere wann de Patron matmécht, respektiv wann ee gutt genuch gestiwwelt ass.
Vun der ADR war e Mëttwoch kee Statement ze kréien. Komesch fir eng Partei déi de Sujet Rente geneetesch an der DNA misst hunn.
Et sief. Et wier net schlecht der neier Ressortministesch elo emol eng Chance ze ginn. Se wëll nolauschteren a muss dann eppes op Pabeier bréngen, wat ee ganze Generatiounscyclus betrëfft mat sécherlech Adaptatiounen op méi kuerz Siicht.
Eng schwiereg Missioun. D'Ministesch ass geléiert Mathematikerin a wäert sech séier bewosst ginn dass d'Politik, anescht wéi d'Mathé, keng "Science exacte" ass.
Hire pedagogeschen Don wäert och gefrot sinn. Se ass als Proff de Lycée gewinnt. Politik ass awer och e schonn emol eppes wéi verbruete Kanner an der Spillschoul ze hidden.