Haut ass den 18. Dag, op deem am amerikanesche Betrib Ampacet zu Diddeleng gestreikt gëtt.

De Message vum Premier Luc Frieden nom Regierungsrot dierft fir vill Salariéen eng Enttäuschung gewiescht sinn, net just fir déi vun Ampacet, mengt Dany Rasqué a sengem Commentaire.

De Premier sot, d’Regierung kéint just en Appell u béid Partner maachen, fir de Sozialdialog weider ze féieren. Méi kéint a sollt eng Regierung net maachen, wann een d’Sozialpartnerschaft géif seriö huelen.

Dat kléngt am beschte Fall no enger schlechter Excuse. Et gouf mol en CSV-Regierungschef, deen et grad an esou Situatiounen fäerdeg bruecht huet ze vermëttelen an de soziale Fridden am Land erëm hier ze stellen.

Am Januar 1995 hat sech den deemools fonkelneie Premier Jean-Claude Juncker knapps a sengem Büro installéiert, scho gouf et en historesche Streik. 250 Plätterchersleeër sinn op d’Strooss gaangen an hunn 28 Deeg laang géint Lounkierzunge protestéiert. Bis de Premier den Dossier zur Chefsaach erkläert hat. D’Presse huet deemools geschriwwen no 5 Stonnen um Verhandlungsdësch wier d’Saach gekläert gewiescht.

En Anert Beispill. De Streik vun de Convoyeurs de fonds, déi virun zimmlech genee 23 Joer op d’Strooss gaange sinn, nodeems fir déi sechste Kéier e Geldtransporter iwwerfall gouf an een Agent ëm d’Liewe koum. Och do huet sech den deemolege Premier Juncker - no 7 Deeg - op engem Samschden als Mediateur ageschalt an och do gouf et Ruck-zuck eng Léisung.

D’Vergaangenheet weist also wann ee wëll, da kann een.

Egal ob dat den Aarbechtsminister Georges Mischo, de Wirtschaftsminister Lex Delles oder firwat net de Premier Luc Frieden ass.

Mä nee.

Den Aarbechtsminister huet méi Angscht virun der Aarbecht wéi Motivatioun, sech fir aner Leit z’engagéieren a fäert, wann en elo eng Kéier géif hëllefen, da géif e wéi e seet «do net méi rauskommen» an e misst bei all Kollektivvertrag eng Hand mat upaken.

Och säi Chef schéngt als fréiere Patronatsvertrieder net gewëllt ze sinn, enger Direktioun vun enger amerikanescher Entreprise z’erklären, datt et zu Lëtzebuerg net zu den Traditioune gehéiert, als Patron e Kollektivverträg eesäiteg ze kënnegen an d’ Salariéen am Reen stoen ze loossen.

Dat schaaft och e Präzedenzfall.

Sollt sech nämlech erausstellen, datt ee Betrib mat esou enger Attack op de Lëtzebuerger Sozialmodell duerchkéim, wieren déi nächst Betriber schonn an de Startlächer fir dat selwecht ze maachen. Dat géif bedeiten, datt jiddereen, deen e Kollektivvertrag huet all Ablack misst domadder rechnen, datt de Patron, deen ouni grouss Virwarnung ka kënnegen an d’Loun oder Aarbechtskonditiounen, déi ausgehandelt goufen, hifälleg sinn.

D’Kollektivvertragswiese wier domadder geschwächt, grad an enger Zäit wou et dringend misst gestäerkt ginn, wa mer Ziler vun der EU-Kommissioun wëllen erreechen. D’Direktive iwwert de soziale Mindestloun, déi bis November dat anert Joer an allen EU-Memberlänner an nationaalt Recht muss ëmgesat sinn, peilt en Taux vun 80 Prozent vun de Salariéen un, déi un e Kollektivvertrag gebonne sinn. Mir leie grad emol bei ronn 50 Prozent.

D’CSV-DP-Regierung hätt elo d’Chance fir ze weisen, datt si net just d’Regierung vun de Betriber ass, mä och d’Regierung vun all de Salariéen, déi hei am Land schaffen.

De Luc Frieden hätt d’Méiglechkeet dozou bäizedroen, datt de Streik bei Ampacet nach virun Chrëschtdag op en Enn geet a kéint weisen, datt hien net just e Leader ass, da mat der Fauscht op den Dësch schloe kann, mä och e Politiker mat sozialem Gewëssen.