"D'Limitatioun vun der Mendicitéit", esou heescht eng Campagne vun der Stad Lëtzebuerg, déi en Donneschdeg de Moien um City Breakfast presentéiert gouf. Et wier inacceptabel, datt Leit géife soen, d'Stad Lëtzebuerg géif mam neie Heescheverbuet géint d'Aarmut virgoen, huet d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer betount. D'Claudia Kollwelter gëtt dofir och d'Gefill net lass, datt ee sech mat der Campagne an e bessert Liicht wëll stellen, allerdéngs ënnerschiddlech Problemer einfach an een Dëppen geheit.

Tëscheruff vum Claudia Kollwelter: Sech mat enger Campagne rechtfäerdegen

Iwwert de Problem vun der organiséierter an aggressiver Heescherei - déi jo scho virdru stroffälleg war - gëtt scho laang geschwat an et gouf vill gesot. Chiffere ginn et leider nach ëmmer keng, op, respektiv wéi vill se zu Lëtzebuerg an de leschte Joren zougeholl hätt.

D'Stad Lëtzebuerg huet jo dann och elo endlech mam neien Inneminister Gloden dee Verbuet krut, op dee se sou laang gewaart hunn. Kritik gëtt et zanterhier vill an elo muss een da wuel als Gemeng reagéieren a weisen, datt een awer op Grond dofir net wëll ofgestempelt ginn. Et géif keen esou vill maache fir Leit a schwierege Situatiounen ze hëllefe wéi d'Gemeng Lëtzebuerg, huet d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer an den éischte Stater Schäffe Maurice Bauer um City Breakfast betount, an déi sëllegen Initiativen a Strukturen opgezielt, déi een de Leit an Nout géif ubidden. Et wéilt een och net Situatioune matenee vermëschen. Ma genee dat ass awer a mengen Aen dat wat hei gemaach gëtt. Well andeems een eng Campagne lancéiert mat enger Broschür, an där een de Leit de legale Kader vum Heescheverbuet schwaarz op wäiss virleet, an an engems d'Ulafplazen opzielt fir Leit, déi Hëllef brauchen, gi Saache matenee vermëscht, déi net an en Dëppe gehéieren.

Leit déi op der Strooss wunnen a mat hirem Becher do sëtzen a no Sue froen dierf een net mat deene vergläichen, déi organiséiert an aggressiv sinn. An déi déi sech roueg verhalen, hunn och meeschten ganz aner Grënn wisou se op der Strooss sinn, an also net Gebrauch vun enger vun de Strukturen maachen.

Et misst een der Fro also och vläicht mol op de Gronn goen, wisou dës net vun der generéiser Offer vun der Stad Lëtzebuerg profitéieren. An och un der Preventioun schaffen, datt d'Leit iwwerhaapt net eréischt an d'Situatioun kommen, datt se mussen op der Strooss wunnen an no Sue froen.

D'Heescheverbuet ass elo do, wéi et tatsächlech an der Realitéit ëmgesat gëtt a wéi een Effet et wäert hunn bleift ofzewaarden. Ma an den Diskussiounen dierfen keng Äppel mat Biere verglach ginn, an net jiddereen deen an enger Noutsituatioun ass oder op der Strooss lieft e Stempel opgesat kréien, mee villméi no Léisunge gesicht ginn, fir e komplexe Problem op eng mënschlech, solidaresch a sozial Manéier ze léisen.

A Punkto Campagne a Broschür vun der Stad Lëtzebuerg wëll een also weisen, datt een eppes mécht – d’Fro ass fir wien? Fir d’Wielerschaft oder fir d’Leit déi Hëllef brauchen?