D'CSV an d'Kierch deele sech kee Bett méi

Chrëschtdag steet virun der Dier, no Ouschteren dat zweetwichtegst Fest vun de Chrëschten. Zanter Kuerzem ass zu Lëtzebuerg mat der CSV no zéng Joer Abstinenz rëm eng Partei an der Regierung, déi den "C" am Numm dréit. Datt d'Auer a Saache Kierchepolitik rëm zeréckgedréint oder eng konservativ Familljepolitik bedriwwe wäerte ginn, domadder ass awer net ze rechnen. Ze vill huet sech d'CSV vun der Kierch entfriemt, mengt de Marc Hoscheid a sengem Commentaire.
Wéi muss ee sech Hellegowend a Chrëschtdag beim Luc Frieden doheem virstellen? Geet een an d'Mass? Sëtzt ee friddlech ronderëm ee Chrëschtbeemche mat Krëppchen a séngt Chrëschtlidder? Gëtt aus der Bibel virgelies? Gi Gedichter rezitéiert? Oder gëtt awer éischter de Koalitiounsprogramm nach eng Kéier duerchgelies? Ginn déi neisten Aktiecoursen analyséiert? Gëtt, op Chrëschtdag fir vill Leit obligatoresch, een "Die hard"-Marathon op der däitscher Télé gekuckt? Natierlech ass dat Privatsaach, d'Fro sief zu dëser Joreszäit awer erlaabt, wéi d'Verhältnis vum Ministre des cultes a gläichzäiteg dat vu senger Partei zur Relioun, respektiv der kathoulescher Kierch ass.
"Den "C" steet net fir Relioun, den "C" steet fir ons Grondwäerter", dat sot den deemolegen CSV-Spëtzekandidat fir d'Nationalwale Luc Frieden am August an engem RTL-Sonndesinterview. Et brauch een zwar keen Harvard-Ofschloss, fir ze wëssen, datt d'Wuert Relioun net mat "C" ufänkt, ma de Luc Frieden huet mat där Ausso awer op mannst bewisen, datt hie weess, wéi ee Relioun net schreift. Tatsaach ass awer nu eemol, datt den "C" fir Chrëschtlech steet an d'Chrëschtentum eng Relioun ass. Dës baséiert am Wesentlechen op der Bibel, der Exegese, also Ausleeung, vun deene jeeweilegen Texter an der Fro, wéi se sou am Alldag ëmgesat solle ginn, datt ee moralesch gutt handelt. An do spillt dann d'Kierch, am Fall vun der CSV déi kathoulesch, als Institutioun eng wichteg Roll. Ma och iwwert de Luc Frieden eraus deet ee sech schwéier an de Reie vun der CSV vill Leit ze fannen, deenen eng besonnesch enk Relatioun zur Kierch nogesot gëtt. Als éischt kënnt engem den Ex-Paschtouer Paul Galles an de Kapp. De Charel Weiler huet an engem RTL-Portrait rezent betount, datt him chrëschtlech Wäerter wichteg wieren, virun allem, well se am Elterenhaus virgelieft goufen. An de Marc Spautz wënscht senge Facebookfrënn op mannst ëmmer ee schéinen Adventssonndeg. Allerdéngs ëmmer mat der Foto vun engem anere Kranz, sou datt net kloer ass, ob bei Spautz doheem iwwerhaapt ee Kranz steet.
Och wann een de Koalitiounsprogramm vun CSV an DP liest, huet een net den Androck, datt d'CSV op Kuschelkurs mat der Kierch goe wäert. Een eegent Kapitel fir d'Kulte gëtt et net. Am Kapitel iwwert d'Gemengen, op Säit 18, geet eng éischte Kéier vun de Reliounsgemeinschafte riets. Do heescht et, datt véier regional interkonfessionell Kierfechter entstoe sollen, op deenen déi verschidde Communautéiten hir Membere no hiren Traditioune bäisetze kënnen. Am Kapitel Schoul heescht et dann, datt am Secondaire de Programm vum Fach Vie et société, dat Relioun a Moral ersat hat, iwwerschafft soll ginn. D'Trennung vu Kierch a Staat an iergendenger Form nach eng Kéier op de Leescht ze huelen, ass net geplangt. Fairerweis sief ernimmt, datt d'kathoulesch Kierch dat och net ëffentlech fuerdert. Mee dat vläicht net nëmmen aus Iwwerzeegung, mee och aus enger realistescher Aschätzung vun der Situatioun eraus.
Et schéngt, wéi wann ee bei der CSV frou wier, datt Gambia-I, virop den deemolegen LSAP-Inneminister Dan Kersch, hinnen déi Aufgab ofgeholl huet. Deemools konnt ee sech aus der Oppositioun eraus iwwert d'Virgoe vun der Regierung opreegen an domadder bei engem groussen Deel vun der eegener Clientèle punkten. Well d'Zuel vun deenen, déi par Force déi gutt al Zäit zeréck wëllen, an der Tëschenzäit wuel éischter ofgeholl huet, muss ee se och net méi zeréckbréngen. De Risiko, datt esou Leit aus Frust LSAP oder déi Gréng wielen, ass iwwerschaubar. Da wielt een awer nach léiwer eng Partei, déi den "C" op mannst am Numm huet. Dat seet een natierlech net haart, mee et verweist een op déi dacks zitéiert Kontinuitéit, déi déi Lëtzebuerger Politik angeblech ausmécht. Dobäi huet den Inneminister Léon Gloden an der Causa Heescheverbuet an der Stad gewisen, datt een duerchaus bereet ass, Decisioune vun de Virgänger réckgängeg ze maachen.
Do wiere mer da bei der Gesellschaftspolitik. Mat Bléck op de méi secken Ëmgank mat Leit, déi heeschen, genee wéi bei der Ënnerbréngung vu Flüchtlingen dierften d'CSV-Positiounen der Kierch net ëmmer no genuch un der chrëschtlecher Sozialléier leien. Bei der Euthanasie ass am Koalitiounsprogramm just virgesinn, besser iwwert d'Konditiounen ze informéieren a beim Avortement si guer keng Upassunge geplangt. A béide Fäll ass d'Kierch wéinst dem Schutz vum Liewe fir méi restriktiv Reegelen. Ob d'Kierch et gutt fënnt, datt Diskriminatiounen am Adoptiounsrecht fir Kanner, déi vun enger Leihmutter op d'Welt bruecht goufen, ofgeschaaft solle ginn, sief emol dohigestallt. D'Leihmutterschaft leent d'Kierch of, well an hiren An doduerch d'Schwangerschaft an d'Kand zu enger Wuer degradéiert ginn.
Natierlech ass d'CSV alles an allem nach ëmmer déi Lëtzebuerger Partei, déi der kathoulescher Kierch am nooste steet. Ma déi enk Relatiounen, déi et an der Zäit mol goufen, schéngen definitiv der Vergaangenheet unzegehéieren. Do hält et esouguer am Grand-Duché mat der Kontinuitéit op.