Haut op den Dag genee sinn et 3 Méint hir, datt mer wiele goungen. Ewell owes stoung et fest, datt et mam gréngen Debakel an dem Status Quo vun de Sëtz fir d'CSV wäert zu engem Regierungswiessel kommen. Duerno huet Schwaarz-Blo Gas ginn an d'Regierung Frieden-Bettel ass amgaangen dat ëmzesetzen, fir wat se gewielt gouf: d'Firma Lëtzebuerg kompetitiv halen an de Leit e gutt a rouegt Liewe bidden. De Roy Grotz freet sech, firwat lo Verschiddener sou verdaddert drakucken...

Commentaire vum Roy Grotz

Eng Verwonnerung, déi mech verwonnert, well et war kloer wéi Boulettenzopp: beim Luc Frieden ass genee dat dran, wat drop steet. De Paperjam hat kuerz virun de Walen an engem Interview mam Bettel-Konkurrent eisen aktuelle Premier als "homme providentiel" ëmschriwwen, dee wëll d'Wirtschaft mam Sozialen an Nohaltege verbannen, ouni awer wëllen de Leit mat z.B. ze vill strengen a secken Ëmweltoplagen op de Geescht ze goen.

Den "homme providentiel" Frieden ass genee dat - eng Zort Heilsbringer wéi och de Napoleon oder den De Gaulle alt bezeechent goufen - Personnagen, déi a Krisen optauchen an eng historesch Missioun hunn.

Beim Luc Frieden ass fir hie selwer mol eng Missioun erfëllt - um Troun vum Staatsminister sëtzen a fir Land a Leit suergen.

Am Wandschied e gutt Stéck hannendrun d'Ministeren, déi seng Politik mussen um Terrain ëmsetzen - vu "primus inter pares" ass net méi vill iwwreg - de Premier Frieden huet quasi ouni Portefeuillen d'absolut Soen.

Duerfir verstinn ech och net richteg, firwat sech lo därmoossen iwwert d'Aféiere vum Heescheverbuet opgereegt gëtt, wou dach nieft der Kafkraaft, der Kompetitivitéit, dem Logement an der Wirtschaft d'Sécherheet am Frieden-Mantra ëmmer nees iwwer Méint widderholl gëtt.

Zweemol Blo-Roud-Gréng ass duergaangen, fir déi fundamental gesellschaftlech Reformen duerchzesetzen an ewech ze botzen, vun deenen d'CSV-DP-Féierung keng eenzeg wäert réckgängeg maachen. Dat eenzegt, wat nees soll a riichte Bunne lafen, ass den Too-Much un Opwand bei Klimaschutzfroen, wann zum Beispill séier soll kënne gebaut a renovéiert ginn. Stéchwuert: "méi eng entspaant Klimapolitik".

D'Firma Lëtzebuerg mam CEO Frieden dierf eebe keng Zäit verléieren an et huet ee ferm wëlles, de Pouvoir fir déi nächst Joerzéngten ze zementéieren. Dat ass per se net falsch, ze denke gëtt just, wéi Politiker wéi e Leo Gloden et fäerdeg bréngen, duerch séier ondelikat Raccourcien de ganze Konschtsecteur géint sech opzebréngen an den Titel vum "kalen-Häerz-Minister" ze iwwerhuelen.

Och der CSV-Sozialministesch Deprez wäert nach e stramme gewerkschaftleche Wand an d'Gesiicht blosen, mee et ass hire Merite, datt elo ewell iwwert d'Pensioune vun den nächste Generatioune geschwat gëtt.

Et dierf ee gespaant sinn, op wéi eng Manéier d'Business-Koalitioun nach dat Soziaalt entdeckt a wéi selektiv d'onëmgänglech Klimaschutz-Mesurë wäerten ëmgesat ginn, ouni d'Lëtzebuerger aus hire Confortzonen ze rappen.

Fir dës Schrëtt brauch et nämlech d'Vertraue vun de Bierger an d'Personal, dat se regéiert an domat ass et net all ze wäit hir, wéi och den neie Chamberpresident Wiseler richteg festgestallt huet. Mat Hals-iwwer-Kapp-Decisioune wéi dem Mendicitéitsverbued, geet weider ouni Nout Vertrauen d'Baach an - mech géif nach interesséieren, wat nieft deem vum Premier Frieden propagéierten inklusive Wuesstem gemaach gëtt, fir d'Leit wierklech fir d'politesch Regierungscause ze wannen - et brauch nämlech dat inconditionnellt Vertraue vun de Leit an Institutiounen, wéi den Haff, d'Parlament a Politiker, fir Gesetzer ze stëmmen, déi acceptéiert ginn - d'Covid-Gesetzer hunn dëst androcksvoll bewisen. Den Ängschte vun de Leit musse Perspektiven entgéintgesat ginn. Ze hoffen ass, datt d'Ministeren, neier an aler, dat Fangerspëtzegefill och wierklech hunn oder nach kréien.

Soss komme batter Zäiten op d'Firma Lëtzebuerg duer an ewell am Juni bei den nächste Wale ginn déi ofgestrooft, déi sech lo nach de Renouveau op de Fändelche geschriwwen haten.