Gemengefusioune brauchen neien Driff

Knapp een halleft Joer nodeems d'Gemeng Viichten eng Fusioun mat den Nopere vu Biissen an d'Spill bruecht huet, schéngt de Projet scho rëm vum Dësch ze sinn. Déi lokal Politik huet dobäi zimmlech onglécklech agéiert. Generell kéinten nei Impulser vum nationalen Niveau net schueden, mengt de Marc Hoscheid an engem Tëscheruff.
"Le Gouvernement s’engage à accroître les aides financières de l’État pour faciliter ces processus de fusion." Dee Saz steet am Koalitiounsprogramm vun CSV an DP. Méi konkret gëtt een net. 2018 hat sech d'CSV an hirem Walprogramm nach derfir ausgeschwat, d'Zuel vun de Gemengen op 60 ze reduzéieren. Sechs Joer méi spéit sinn et der nach 100 an et héiert oder liest ee kee konkret Zil méi. Dat ass warscheinlech och besser, well et setzt ee weider dorop, datt d'Gemenge vu sech aus fusionéieren an d'Bierger an engem Referendum zoustëmmen. Dobäi hält sech den Enthusiasmus fir Fusioune bei de Lokalpolitiker staark a Grenzen. Direkt an de Kapp kënnt engem d'Neverending Story Nordstad. Ma och déi Gemengeresponsabel vu Biissen, Colmer-Bierg a Viichten sinn am gaangen ze weisen, datt se wëssen, wéi et net geet.
Zu Colmer wëllt ee fir d'éischt mol d'Bierger driwwer ofstëmme loossen, ob een och nëmmen iwwert eng Fusioun nodenken dierf. Dat nennt een dach Mol gutt gezillte Politiker. Firwat net och direkt d'Bierger froen, ob en den Ordre du jour vun der Gemengerotssëtzung gefält? Datt een an enger méi grousser Gemeng vläicht kee Poste méi am Schäfferot krit, ass natierlech net de Grond fir d'Zréckhalung. Datt Colmer iwwerhaapt gefrot gouf, ass Biissen ze verdanken. Et war ee sou frou, datt Viichten engem schéin A gemaach hat, datt een deen aneren Noper direkt mat an d'Bett lackele wollt. Réischt da wier een eng richteg ausgewuess Gemeng. Mee Colmer war eben net fir eng séier Nummer ze hunn. A well et zu zwee net sou spannend ass wéi zu dräi, wëllt Biissen lo och net méi just mat Viichten. Ma kéint Colmer dann net spéider nokommen? Am Prinzip méiglech, mee da missten d'Bierger ënnert Ëmstänn innerhalb vun 20 oder 30 Joer zwee Mol iwwert eng Fusioun ofstëmmen, dat ass dann awer bëssi vill dees Gudden. En plus géing een an deem Zäitraum jo just nach iwwert Fusioune schwätzen. Multitasking ass an der Biisser Lokalpolitik anscheinend ee Friemwuert. Bëssi blöd kucke se lo natierlech zu Viichten aus der Wäsch. Am Fong war d'Initiativ ganz luewenswäert. Ob et awer sou gescheit war, direkt vun Ufank un ze soen, datt ee sech virstelle kann, nieft Biissen och mat jidderengem soss, deen net bei dräi um Bam ass, unzebändelen, sief emol dohigestallt.
Fir esou penibel Intermezzoen an Zukunft ze evitéieren, kéinte weider finanziell Ureizer duerch de Staat duerchaus hëllefen. Mee och onofhängeg vun de Sue misste grad déi Responsabel an deene klenge Gemengen d'Zeeche vun der Zäit erkennen. Op laang Dauer wäert et ëmmer méi schwiereg ginn, déi sëllege Servicer, déi d'Leit sech erwaarden, och ze offréieren. A spéitstens wann dat bis net méi de Fall ass, ass et un der nationaler Politik, hier Responsabilitéit ze huelen. A vläicht kann een an deem Kader och iwwert d'Trennung vun de Mandater schwätzen.