No ënne getrëppelt

Den Heescheverbuet riicht sech net just géint organiséiert Banden a Leit, déi aggressiv no Sue froen.
Den Inneminister Léon Gloden an d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer hu méi ewéi eng Kéier net déi ganz Wourecht gesot, bedauert de Pierre Jans haut a sengem Commentaire.
Dat gouf gëschter um éischten Dag vun der repressiver Phas ganz däitlech.
D‘Police ass och bei deenen intervenéiert, déi weder organiséiert nach aggressiv geheescht hunn, mä um Buedem a Schlofsäck agewéckelt waren, an eng Këscht viru sech gestallt haten, an der Hoffnung e Su ze kréien. Also déi Heescherten, déi keen Daach iwwer dem Kapp hunn. Sans Abrien. Op Gutt-Lëtzebuergesch „Strummerte“ genannt.
Ech beneiden déi sechs Polizistinnen a Polizisten, déi ech gëscht bei hirem Asaz gesinn hunn, net. Si waren op alle Fall korrekt mat de friddlechen Heescherten. Si hu just hir Nimm notéiert a gefrot, wou d‘Leit hir kéimen. U sech sollt et de 15. Januar jo lassgoen mat de Protokoller. Firwat hunn d‘Beamten d‘Policereglement gëscht net richteg applizéiert? Well et sech fir si aus mënschlecher Siicht net adequat ugefillt huet? Dat wär op alle Fall nozevollzéien. Oder war e leschten Dag ageplangt, fir d‘Heescherten nach eng Kéier virzewarnen, dass geschwënn ganz aner Säiten opgezu ginn? Ech weess et net, an ech hunn am Gefill, dass d‘Police och nach net richteg weess, wéi streng se dat Reglement soll ëmsetzen. Eng Demande fir en Interview doriwwer bleift bis elo ouni Äntwert.
D‘Policereglement vun der Stad Lëtzebuerg ass zwar kloer. Et verbitt all Form vun Heescherei. Geldstrofen fir déi, déi Sue froen. Wann da genuch am Becher ass! Soss geet et op d‘Geriicht. A wéi do mat deene Fäll ëmgaange gëtt, dorop sinn ech gespaant. Bestëmmt kee Kaddo fir Affekoten a Riichter.
An da kënnt dobäi, dass de Code pénal – eng Instanz iwwer deem Reglement - déi aggressiv voire organiséiert Heescherei souwisou verbitt. Heescherten, déi Foussgänger rabiat unhalen oder hinnen noginn, fir no Suen ze froen a frech ginn. Leit, déi Blessuren virtäuschen, d‘Leit esou op d‘Aen drécken, fir hir Suen ze kréien. Der Fäll ginn et jo, och dat muss ee soe kënnen. Ma d‘Police hat schonn eng juristesch Basis fir zu Recht dogéint virzegoen.
Dat Policereglement, fir dat den neien Inneminister Gloden der Stater Buergermeeschtesch Polfer de Wee fräi gemaach huet, viséiert a Wierklechkeet jiddereen, deen hirer Meenung no d‘Stadbild verschampeléiert. Zu enger anerer Konklusioun kann een net kommen. An och ech verstinn d‘Geschäftsleit, déi natierlech net frou sinn, wa Leit virun hire Butteker hiert Geschäft maachen. D‘Plaz beim Kapuzinertheater, déi virun engem bekannte Stater Supermarché, oder de fréieren Aldringen, de Garer Quartier an anerer: Schlofsäck, Tuten, deelweis drogéiert Gesiichter – alles dat ass net schéin. Mä et existéiert.
Et kann ee sech selwer ze froen: „Wat géif ech maachen, wann ech keng gutt Eltere gehat hätt, wann ech doheem net roueg hätt kënne léieren? Wann ech u falsch Kolleege geroden an ofgerëtscht wär? Wann ech de Courage net méi fonnt hätt, mech do eraus ze kämpfen? Oder aus anere Grënn op d‘Strooss gerode wär? Op alle Fall wär ech bestëmmt frou an der Situatioun net einfach verdriwwen ze ginn, well mir Protokoller bléie géifen, déi ech net bezuele kann. An ech géif mir Froe stellen iwwer d‘Biergerinnen a Bierger, déi frou sinn, dass de Léon Gloden vun der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei, dofir gesuergt huet, dass si mech net méi kucke mussen. Kënnen déi sech net méi un de Reliounsunterrecht erënneren? Un d‘Geschicht vum Hellege Mäerten, dee säi Mantel mat engem aarmen Heeschert, deen aus der Stad verdriwwe gi war, gedeelt hat? Ech géif mir soen, dass d‘CSV-Wieler jo op d'mannst e bësse missten un déi chrëschtlech Wäerter gleewen.“
Natierlech: Et gi Strukturen fir Sans-Abrien, déi virop an de Wanterméint op en Daach iwwert dem Kapp ugewise sinn. Mä et sinn Noutléisungen a gi manifestement net duer.
Den Heescheverbuet ass op alle Fall keng Hëllef, et ass no ënne getrëppelt.