D'EU ass ofhängeg vun den USA!

D'Welt brennt. Déi global Sécherheetslag ass schlecht. Och Europa steiert duerch onroueg Gewässer a mécht sech net genuch draus, fënnt de Pit Everling, fir deen déi gréisst Gefor déi aner Säit vum grousse Pull lauert.
A se heescht, wéi sollt et anescht sinn, Donald Trump. Iowa gëllt zwar net als grousse Schlëssel-Staat.
Ma den Ex-President weist mat senger däitlecher Victoire bei den éischte republikanesche Virwalen, wou parteiintern den Hummer hänkt.
Bis zu enger definitiver Nominatioun ass et zwar nach e Strapp, mä den éischte Stëmmungstest ass souverän gepackt.
Datt vill Amerikaner sech e President wënschen, deen total onberechenbar ass, mat alle Mëttele schafft, demokratesch Prinzippien aushiewelt an ëmmer rëm Problemer mat der Justiz huet, dat ass leider net just hire Problem, mä dee vun der ganzer Welt, notamment den Europäer.
Déi Horrorzeenarie goufen dach scho gezeechent an awer ass d'Welt ënnert dem Trump net ënner gaangen, kéint een elo mengen.
Stëmmt, ma zënterhier gëtt et eng komplett nei Situatioun:
An Ost-Europa ass Krich!
Zënter geschwënn 2 Joer gräift Russland d'Ukrain un a Kiew kritt sech just gewiert, wéinst der Ënnerstëtzung vun der NATO an do virop den USA.
Sollt den arméierte Konflikt weider daueren, stellt sech d'Fro, wéi en eventuelle President Trump d'Situatioun upéckt.
Den deklaréierte NATO-Géigner wënscht sech ëffentlech e séiert Enn vum Krich.
Mä wat heescht dat ?
Léisst Washington Kiew falen a mécht grouss Konzessioune vis-à-vis vu Moskau?
Oder riskéiert de Konflikt tëscht Russland an der NATO mat engem Trump am Wäissen Haus ze eskaléieren?
D‘Onsécherheete fir Europa wieren op alle Fall grouss, sollt den Trump säi Wee nach emol maachen.
A wat mat engem onberechenbaren US-President d'Repercussiounen am Noen Oste kéinte sinn, dorunner wëll ee grad sou wéineg denke wéi un d'Relatioun mat China.
Aus europäescher Siicht läit de Problem awer net just bei de Republikaner, mä och bei den Demokraten, déi dem Phänomen Donald Trump näischt entgéint ze setzen hunn, op alle Fall net mat der Persoun Joe Biden.
Och wann den amtéierende President sech traditionell fir en zweet Mandat presentéiert, wier et net vu Muttwëll gewiescht, de Kandidat Joe Biden duerch en neie staarke Personnage ze ersetzen.
Den Joe Biden wierkt al, ugeschloen, net ëmmer bei der Saach an en ass beim Vollek aktuell onbeléift.
Den Ukrain-Krich huet kloer gewisen, datt Europa total ofhängeg ass vu Washington a vun der Militärallianz NATO.
D'EU huet keng seriö eege Verdeedegungs-Capacitéiten, schwächelt ekonomesch an a ville Memberstaate gëtt et politesch Gelungenheeten.
E President Trump bréngt potentiell grouss Riske fir Europa mat sech.
An et gëtt een d'Gefill net lass, datt dës geopolitesch Gefore virun allem a Westeuropa deene wéinegste bewosst sinn, wann ee kuckt, wat fir Themen de politeschen Alldag sou dominéieren.