Wësst Dir, wat "Altlasten" sinn? Dem Duden seng Definitioun ass déi hei: Altlasten sinn Tippen, déi zwar net méi genotzt ginn, op deenen awer Saache leien, déi eng Gefor si fir Ëmwelt a Grondwaasser. Dass et där hei am Land bal esouvill gëtt, wéi Sprenzen am Fësch, bréngt d’Monique Kater op de Kommentar vun dësem Dënschdeg.

Commentaire vum Monique Kater

Wësst Dir, wat "Altlasten" sinn? Dem Duden seng Definitioun ass déi hei: Altlasten sinn Tippen, déi zwar net méi genotzt ginn, op deenen awer Saache leien, déi eng Gefor si fir Ëmwelt a Grondwaasser. Dass et där hei am Land bal esouvill gëtt, wéi Sprenzen am Fësch, bréngt d’Monique Kater op de Kommentar vun dësem Dënschdeg. Wann e Patron een an d’Gesiicht kuckt an anengems vun Altlasten schwätzt, versteet een, dass ee wuel zum alen Eise gehéiert an dass een och nach en desagreabelen oder onbequeeme Rescht vu fréieren Zäiten, respektiv enger fréierer Geschäftspolitik ass.

Ma gitt elo einfach emol op Google a sicht do mat de Wierder: Geoportail/environnement an dann nach – déchets - dru gehaangen ... da kommt der op déi Säit vun eisem nationale Spionage-Site, wat d’Proprietéiten an d’Landesplanungskonzepter ugeet. Déi rosa Raster-Flaatschen, déi op geoportail op eemol aus dem Näischt opdauchen, leien iwwert dem Land wéi e Spaweck mat Waasserpouken, därer mat méi krätzege Rëff – dat sinn d’Deponien - an därer, déi een no enger Weilchen net méi an Uecht hëlt... well et där Tippen einfach ze vill gëtt! "Du weess dach, all Gemeng hat an der Zäit esou en Tipp ", sot mer den Alex Bodry, an erzielt, dass se virun 30 Joer decidéiert hätten, esou en Altlasten-Kadaster opzezeechnen. Ma dee wier wuel am Sand verlaf, sou deen, deen deemools Ëmweltminister war. U sech awer eng gutt Initiativ, soen ech!

Ma firwat brauch een esou eng Kaart, wann 1. net all d’Knaschtecker drop sinn? – d’Polvermillen feelt zum Beispill!!

A wat soll esou e Kadaster, wann esouguer um Staat sengen eegene Proprietéiten, d’Gëft leie bleift? Op der Schanz ginn, 30 Joer no der leschter Stockcar oder Auto-Cross-Course, ëmmer nach Pneuen a Schrott viru sech hi vegetéiere gelooss, ouni dass et ee kraazt, dass Sauerei an d’Grondwaasser leeft..

Där Beispiller gëtt et zu dausend am Grand-Duché. An déi meescht Tippe ginn emol net verstoppt, mee leien ëffentlech do ze leien, an d’Ëmwelt ze verpeschten.

An da kënnt een, als Journalist, zoufälleg op dëst Thema. Et mécht ee sech mol schlau, et freet een hott an har, wéi dat dann esou war, deemools, wou ee bei eis nach manner ëmweltbewosst war.

An da géif ee sech nawell gär den neie Minister knäppen -  jonk, ëmweltbewosst, zukunftsorientéiert – a vun deem wëllt ee wëssen, ob hien dës toxesch Mëschtekaulen da villäicht eventuell wéilt sanéiere loossen?!

Sou wéi d’Altlasten "harren wir der Dinge, die da kommen werden".

Nom Stil vu Gambia, déi 2013 vis-à-vis vun de Journaliste vun Transparenz getrotert hat – versprécht och dëse Premier, d’Regierung géif mat oppene Kaarte mat deene spillen, deenen hire Job et ass, hannert d’Decisioune vun uewen ze kucken – an d’Wouerechten eraus ze fannen. Bis elo sinn dës Verspriechen eng Glasur aus Zaccarine a keng aus Zocker  – dass awer keen amstand ass, och nëmmen zouzeginn, dass dat, wat do läit an trëllt, wa méiglech nach mat engem Camion Buedem zougedeckt, dass also dat wat do läit, um Beispill vun der Schanz, 30 Joer keen z’intresséiere schéngt... Dat wier engem Ministère net wierdeg, a scho guer net där neier Generatioun Politiker! Et sinn dach déi jonk, egal vu wéi enger Partei se sinn, déi net just schwätzen, mee einfach maache sollen! Oder maachen och si just Politik fir hiren Ego? Hir Patrone sinn allerdéngs MIR, d’Bierger – an och mir wëssen, wat Altlasten sinn!