Wat gi mer dach ëm eis Meenung gefrot... Gemengewalen a Chamberwalen d'lescht Joer. Sozialwalen an engem Mount. An dann am Juni och nach Europawalen. E Commentaire iwwert deen "och nach" vum Jean-Marc Sturm.

De Commentaire vum Jean-Marc Sturm

"Loscht op Europa"... Ee vun de Sätz, déi Alles an och Näischt soen... Ee vun deene Sätz, déi Politiker eis ëm d'Ouere schloen an der Hoffnung, dass mir si, respektiv hir politesch Faarf, wielen. D'Fro, déi ech mer stellen, ass, ob een iwwerhaapt nach Loscht op dat kann hunn, wat aus dem Ideal Europa gemaach ginn ass.

Am internationale Chouer kann d'EU héchstens piipsen. Do hëlleft eng weider massiv Erweiderung no Osten och Näischt, well d'europäesch Institutiounen an de Fonctionnement vun der EU, grad wéi beim Elargissement ëm direkt 10 Länner virun 20 Joer, nach ëmmer net prett dofir sinn

No bannen ass d'EU da séier dacks de Stoussnéckel. Wann eppes an der nationaler Politik net klappt, ass d'EU meeschtens Schold drun. Beispill d'Migratiouns-an Asylpolitik: Ee komplizéierte Sujet, bei deem Rietspopulisten ëmmer méi Leit mat einfache Léisungsvirschléi iwwerzeegt kréien an dat "politesch korrekt" net esou gutt ukënnt.

Och heiheem ass de Sujet Europa e wëllkomment Alibi a wann et nëmmen ass fir "has-been-Politiker" ze placéieren oder onkamoud, awer bei de Leit beléift, Partei-Gesellen aus de Féiss ze hunn.

Dass d'europäesch Sozialdemokraten den Nicolas Schmit zu hirem Spëtzekandidat an domadder Kandidat fir EU-Kommissiounspresident gemaach hunn, dat gëtt heiheem vu senger Neo-Oppositiounspartei quasi mëssbraucht, fir grad esou kuerz- wéi duerchsichteg der CSV eng auszewëschen. Dobäi hätt d'LSAP besser, intern d'Fro vun der Parteipresidence ze klären.

Bei de Gréngen weess ee Schwéiergewiicht wéi de François Bausch op d'mannst offiziell nach net, ob hien mat an d'Europawale geet. An där Partei wäert sech déi aktuell Europadeputéiert wuel deemnächst nees mussen an der Belsch iwwert een NATO-Zonk wänzelen, fir an d'Schlagzeilen ze kommen. Schlagzeilen an deenen eis Europadeputéiert seele sinn.

D'Piraten hunn eng Lëscht opgestallt mat Leit, déi Villen an der eegener Partei onbekannt dierfte sinn, an och soss muss Europa duerhalen.

Beispill d'CGFP: D'Staatsbeamtegewerkschaft genéiert sech net ënnert der Iwwerschrëft "Europawale sinn decisiv fir eis" an engem Communiqué eng egozentresch Ofwierreaktioun iwwert ee reng hypotheetesche Bewäertungssystem ze weisen.

Déi viregt Regierung huet mat Houfert den 9. Mee zum Europadag gemaach. Wann do den Hannergedanken awer war, fir mam weidere Congésdag e bëssen Drock aus dem Dossier Aarbechtszäitverkierzung ze kréien,  dann hätt een den 9. Mee och kënne Mokuchsdag nennen. De Leit wier dat wuel och Wurscht.

Europa ass elo keng Kreatur mat eegener Dynamik, et ass dat, wat d’Politik bis ewell draus gemaach huet... Also léif Politiker: Et ass vläicht nach net ze spéit, de Leit nees  Loscht op Europa ze ginn, mä do muss een als Politiker och selwer Loscht drop hunn an dat och weisen.