Aus der Rei danzen

Lescht Woch goufen zwou Petitiounen an der Chamber debattéiert, wou et drëm gaangen ass, datt engersäits Celibatairë manner besteiert solle ginn an d'Steierklass 1A soll ofgeschaaft ginn, also haaptsächlech fir elengerzéiend Elteren a Wittfraen a Männer. En Debat, dee verdäitlecht, datt mir dacks nach ale Standarden nolafen, fënnt d’Claudia Kollwelter a sengem Commentaire.
Bestuet, zwee Kanner an en eegent Haus – dat Bild ass zwar scho laang net méi d’Realitéit vu jidderengem, ma gëtt awer zum Deel nach sou duergestallt oder vermëttelt an allerlee gëtt och nach doru gemooss.
Banaalt Beispill: Wann ee Formulairë fir eng Administratioun ausfëlle muss an ee just tëscht bestuet, gescheet oder célibataire wiele kann – gepacst fënnt een an tëscht zwar och scho mol – mee wisou ass de Status iwwerhaapt relevant? Wisou ginn Ënnerscheeder gemaach ob een eleng lieft, mat engem Partner oder Partnerin (oder vläicht och méi wéi engem) ee Kanner huet oder keng?
Datt eise Steiersystem haut nach un sou Norme festhält schéngt iwwerlieft an och einfach net ugepasst un eis haiteg Gesellschaft. Vum Cliché vun der Fra, déi jonk Mam gëtt a sech hiert Liewe laang ëm d'Kanner an de Stot këmmert si mer jo zum Gléck scho méi laang fort. Ma och wann eis Gesellschaft sech a ville Beräicher emanzipéiert huet, muss ee sech als Fra nach dacks erklären, wann ee keng Kanner huet, a gare la Box et wëll ee keng. "Wéini ass et da bei dir souwäit?" oder "An du hues nach keng Kanner?" si Froen, déi een nach ëmmer als Fra gestallt kritt, déi komplett deplacéiert sinn.
Et schéngt virun allem bei de méi eelere Generatioune (ma net just) schwiereg ze sinn op Versteesdemech ze stoussen, wann een net de nämmlechte Wee aschléit, wéi de Gros vun de Leit et hirer Zäit numol gemaach hunn. Ma hautdesdaags ass de Kaf vun den eegene véier Wänn fir déi mannst iwwerhaapt nach méiglech.
Datt ee kee Partner brauch fir glécklech ze si weise mengen ech schonn eleng d'Chiffere vun Divorcen, déi et pro Joer ginn. An datt verschidde Leit hire Beruff oder hir Hobbyen enger Famill virzéien heescht och net forcement, datt ee "Karriäregeil" ass.
Wat fir deen een en No-Go ass, ass fir den anere vläicht en Dram, an datt net jiddereen den nämmlechte Wee aschloe wëll, mécht eis Gesellschaft jo och intressant an divers. Ma op Grond vun deene perséinleche Choixe soll een awer a mengen Ae keng Vir- oder Nodeeler par Rapport zu engem aneren hunn, just well ee sech vir oder géint eppes entscheet.
Ob elo ënnerschiddlech Familljemodeller oder Célibatairen oder Leit mat engem Partner, vum anere Geschlecht oder dem nämmlechten, bestuet, net bestuet, gepacst, net gepacst – Ënnerscheeder sollen do einfach keng méi gemaach ginn an och steierlech ass eng Gläichstellung méi wéi iwwerfälleg, wa mer eis als modern Gesellschaft wëlle ginn. Alles aneres ass einfach net méi zäitgeméiss.