Firwat schwätze mer léiwer vu "Krisen" wéi vu "Blosen"

"Immobilieblos" - dat Wuert gëtt net am Lëtzebuerger Dictionnaire. Obschonns d'Wunnengspräisser an deene leschten 20 Joer, ëmmer méi séier geklommen sinn. Huet een en Expert gefrot, krut een ëmmer gesot: Dat ass keng Blos, d'Demande ass jo do.
Eng Blos - dat huet och sou en desagreabele Bäigeschmaach vun ze labberer Reguléierung a vun irresponsabelen Investisseuren. Um Ënn kéint een do jo nach konkret engem d'Schold ginn, wa se géing platzen? Dofir schwätze mer zu Lëtzebuerg, lo wou d'Demande fort ass, an et an der Blos misst pätschen, léiwer vu Kris an et ass direkt eng duebel am Logement an am Bausecteur. Ausgeléist vun de "Poly-Krisen", wéi et op Nei-Lëtzebuergesch heescht, an der grousser Welt dobaussen. Sou "Krisen", déi kléngen no enger biblescher Plo, déi onverschëllt iwwert ee kënnt, wéi Pescht a Pandemie oder Panzer an der Ukrain. Sou "Krisen" kennen d'Lëtzebuerger och wéinst der Arbed scho gutt. An enger "Kris" hu mer wéinst dem Stol verënnerlecht, ass et legitim, datt d'Regierung agräift an hëlleft.
D'Fro ass just wiem?
Dës Woch gouf et eng éischte Kéier Kuerzaarbecht fir de Bausecteur accordéiert. 377 Aarbechter kréien deemno net hir voll Pai, fir doheem ze bleiwen. Erstaunlech wéineg, wann ee bedenkt, datt d'Patronen gejaut hunn, wéi wann dausende Plazen um Spill stéingen. Dofir muss een dovun ausgoen, datt déi Zuelen an den nächste Méint klammen.
Aarbechter an hir Plaze retten – dat ass eng gutt Saach. Ma vill Patrone baue net just, mee sinn och Promoteur. Dofir gëtt een d'Gefill net lass, datt si hir Maçonen a Monoeuvren als Geiselen huelen, fir mat staatlechen Hëllefen hire Rendement amplaz d'Mataarbechter ze schützen. Wéi eng Firme Kuerzaarbecht froen, ass confidentiel. Ma en anert prominent Beispill kenne mer schonn. Am Januar goufe bei der Firma Stugalux Constructions 40 Mataarbechter entlooss. Si hat 2022 eng anstänneg Perte gemaach. Déi Firma gehéiert zu 100 Prozent der Firma Stugalux Invest, déi 2022 e gudde Benefice gemaach huet. Hir Aktionäre kruten fir 2022 an 2021 zesummen siwe Milliounen Euro Dividende bezuelt.
Sou gëtt een d'Gefill net lass, datt esou guer de Chômage partiel am Endeffekt de Patronen hëlleft. Deene Patronen, déi als Promoteur vun den ëmmer méi héije Wunnengspräisser mat profitéiert hunn. An déi an deene leschte Méint léiwer guer keng Wunnenge gebaut a verkaf hunn, amplaz mam Präis erofzegoen.
Den Präisajustement, deen am Fong hätt misse kommen, wéi kee sech méi konnt oder wollt eng vun hire Wunnenge leeschten, d'Demande agebrach an d'Blos hätt misse platzen, dee gëtt also net vun hinnen, mee vun der Kollektivitéit iwwer Steiermesuren a staatlech Hëllefe bezuelt.
Sou ginn déi kleng Leit direkt zweemol bei d'Lisette gelooss. D'Regierung redistribuéiert hir Steieren un d'Promoteuren an d'Immobilieninvestisseuren. Wat deenen erméiglecht, vun hinnen onbezuelbar Wunnengspräisser a Loyeren ze froen.
Do ass et am Fong nëmme konsequent, wann d'Regierung fir hire Logementsdësch haut zu Senneng just mam Privatsecteur driwwer schwätzt, wéi méi abordabele Wunnraum ka geschaaft ginn. An déi staatlech Promoteure wéi SNHBM a Fonds de Logement, déi genee dat an hirem Optrag maachen a dofir no méi Moyene froen, net däerfe mat um Dësch sëtzen... Déi Mesuren, déi d’Regierung ugekënnegt hat, si gréisstendeels scho geholl. An datt wierklech méi abordabel Wunnenge solle gebaut ginn, ass offensichtlech net gewollt.