Wat mécht, dass een an der Gesellschaft bei esou vill Froen offensichtlech net op e gemeinsamen Nenner kënnt?

Spléckung, Polariséierung, Radikaliséierung. Dat si just puer vun de Wierder, déi Angscht maachen. E Commentaire vum Diana Hoffmann.

Schwätze mer laanschteneen?

Den Ursprong vun Tendenzen, déi eng Gesellschaft schwächen, ass komplex. Ee vun de wichtegste Moyenen, dogéint virzegoen, ass, den Dialog ze fërderen.

Commentaire vum Diana Hoffmann

An hei ka jidderee bei sech selwer ufänken. Dacks ginn ze séier Mënschen evitéiert, déi an engem Beräich eng staark Meenung vertrieden, déi een net deelt. Dës muss net akzeptéiert ginn, mee et muss versicht ginn, d'Perspektiv ze verstoen. Ausser natierlech et geet ëm Äusserungen, déi zum Beispill rassistesch, mënscheveruechtend oder verfassungswiddreg sinn. A gewësser Hisiicht hu mer nämlech all e Brëll op, deen eist Bléckfeld limitéiert. Gepräägt vu Bildung an de Mënschen, déi eis ëmginn.

Wann dann ze emotional op aner Meenunge reagéiert gëtt, muss ee sech froen, u wat dat läit. E Problem gouf nach ni duerch haart oder beleidegend gi geléist. Eng laang emotional Reaktioun weist net vu Maturitéit, an ass méiglecherweis Ausdrock vun eegene Kränkungen oder Ängschten. Dialogkultur fuerderen ass de Kär vun enger funktionéierender Gesellschaft a bal ëmmer och Eegenaarbecht.

Gestéiert oder heiansdo och verhënnert gëtt den Dialog dann dacks duerch Angscht. D’Angscht, menacéiert, ignoréiert an iwwergaangen ze ginn. Wat zu engem Réckzuch oder zu enger Radikaliséierung vun der Iwwerzeegung ka féieren. Haut, méi wéi soss, ass hei den Internet déi ideal Welt, wou sou Tendenze sech relativ einfach verstäerken.

Politik a Press kréien en ëmmer méi schwéiere Stand, well ënnerstallt gëtt, dass en Zil vun dëse wier, Ligen ze verbreeden oder Saachen ze vertuschen. Ganz kloer muss hei d’Vertrauen zréckgewonne ginn, andeems divers Point de Vuen an den Discoursen opgeholl ginn. Zum gesellschaftlechen Dialog gehéiert nämlech ëmmer och, aner Meenungen zouzeloossen a se dann ze uerdnen an ze kontextualiséieren.

Dat fragilt Kaartenhaus vun toleranter, opgekläerter Gesellschaft opzebauen, ass eng Mammutaufgab. Eng liberal demokratesch Bevëlkerung ass keng Selbstverständlechkeet. D’Matsproochrecht muss aktiv gefërdert ginn. Deen Eenzele muss sech wëllen engagéieren, well e Sënn dra gesäit, d’ëffentlecht Liewe matzegestalten. D’Petitioun ass hei zum Beispill een Ufank, dass de Bierger ka mat sengem Uleies Gehéier fannen. Méi dacks misst awer vun dëse Proposen och wierklech een Deel zréckbehale ginn.

Ma d’Bierger kéinten och bei gréissere Projeten an der Gemeng agebonne ginn. Biergerfore misste fir grouss Sujeten organiséiert ginn. D’Regierung huet dat zwar schonn annoncéiert, ma eng institutionaliséiert Form huet een hei net zréckbehalen. Awer och verschidden nei Gesetzestexter oder zum Beispill Referende missten, op hirem ganze Wee vu méi Explikatioune begleet ginn. Sou dass Projete vu verschiddene Säiten neutral beliicht ginn.

Alles dat, dass net eng allgemeng Resignatioun opkënnt viru momentane Krisen: Klimawandel, Kricher, Konflikter. Mee en Echange, duerch deen d’Erausfuerderunge kënne mam Wësse vu jidderengem ugaange ginn.