Den 12. Mäerz si Sozialwalen. Well nieft de lëtzebuergesche Salariéen och déi auslännesch, déi hei am Land wunnen, Frontalieren a Pensionären hier Stëmm duerfen ofginn, sinn et déi gréisste Walen am Grand-Duché.

Ma vill vun de ronn 615.000 Walberechtegten dierften och dës Kéier nees vun hirem Recht, hir Vertrieder an der Chambre des salariés (CSL) ze bestëmmen, kee Gebrauch maachen. Dat läit och un der Aart a Weis, wéi Walkampf gemaach gëtt, mengt de Marc Hoscheid an engem Commentaire.

Commentaire vum Marc Hoscheid

An hues de scho gewielt? Wann der engem Bekannten déi Fro elo stellt, kuckt en Iech warscheinlech grouss an äntwert: "Wéi, d'Wale waren dach d'lescht Joer." 2019 hu grad emol ronn 30 Prozent vun de Walberechtegten hire Stëmmziedel fir d'Sozialwalen ageschéckt. Datt déi Zuel dëst Joer däitlech an d'Luucht goe wäert, dorunner duerf ee seng Zweiwelen hunn. D'Gewerkschafte verweisen an deem Kontext ëmmer nees doropper, datt d'Frontalieren esou Walen aus hiren Heemechtslänner net kennen an d'Prozedur ëmständlech wier.

Ob d'Leit awer wierklech an éischter Linn net wielen, well se net wëssen, wéi een een Ziedel an eng Enveloppe stécht an déi dono fortschéckt, sief emol dohigestallt. Ee Grond kéint och sinn, datt de Walkampf net aus de Pusche kënnt. Et ass schonn opfälleg, datt virun allem déi zwou grouss Gewerkschaften OGBL an LCGB net wierklech dorun intresséiert ze si schéngen, fir an der Ëffentlechkeet iwwert géigesätzlech Propose fir d'Aarbechtswelt vun der Zukunft ze diskutéieren. D'Presidenten Nora Back a Patrick Dury fir ee Face à face an de Studio ze kréien, war scho guer net sou einfach. Mee et geet nach besser, virun e puer Wochen hat de Patrick Dury op sengem Facebook-Profil eng Kloerstellung verëffentlecht, an där den OGBL fir Aussoen iwwert den LCGB an hie perséinlech kritiséiert gëtt. Ee Syndikat vum OGBL hat Ufank Februar an enger Publikatioun behaapt, den LCGB wéilt näischt mam ëffentlechen Déngscht ze doen hunn, ausser et géing ëm Stëmme fir d'Chambre des salariés goen. Dat wollt den LCGB-President awer net sou stoe loossen. Sou wäit sou normal fir ee Walkampf. Bëssi speziell ass dann awer, datt de Patrick Dury op Nofro hin näischt dozou soe wollt, well et dach just eng "Lappalie" wier. Nach bëssi méi speziell ass et, datt d'Nora Back och näischt dozou soe wollt, well si vun hirem LCGB-Homologue nom Telefonsgespréich séier ugeschriwwen a dorëms gebiede gouf. Ob de Luc Frieden an d'Paulette Lenert dat am Chamberwalkampf och esou gemaach hunn?

U sech ass et jo näischt Schlechtes, datt d'Gewerkschafte sech net mat Dreck bewerfen, also ofgesi vun de soziale Medien. Ëmmerhi steet d'Aarbechtswelt viru groussen Defien, sief et d'kënschtlech Intelligenz, déi eng Partie Aarbechtsplaze bedreet oder de Fait, datt d'Leit ëmmer méi Wäert op eng ausgeglache Work-Life-Balance leeën. Gëtt dat quasi net thematiséiert, well ee keng Meenung dozou huet oder well ee sech bei deene Froe souwisou eens ass? Mee wann ee sech esou gutt versteet, firwat braucht et dann iwwerhaapt verschidde Gewerkschaften? Datt dat net onbedéngt hëllefräich ass, konnt een an der Vergaangenheet jo schonn bei der Tripartite bewonneren. En plus sief d'Fro erlaabt, ob et hautdesdaags wierklech nach grouss ideologesch Ënnerscheeder tëscht deene verschiddene Membergruppe gëtt. Firwat lafen also net scho laang Gespréicher iwwert eng Fusioun, natierlech och mat deene méi klenge Gewerkschaften?

Wéi och ëmmer, wa scho verschidde Gewerkschafte matenee konkurréieren, da wannechgelift och esou, datt d'Leit et matkréien. Well bei aller Kritik: Datt mer an engem Land liewen, wou ee wielen duerf, ass eng gutt Saach, dowéinst sollt ee sech schonn dräi Gedanke maachen, äert een op dat Recht verzicht.