Quasi op den Dag genee, véier Méint ass et elo hir, datt d'nei Regierung d'Soen am Land huet - a villes gouf ewell gesot, bewäert an e neie Polit-Stil schéngt sech anzebiergeren.

Den Toun ass méi rau, d'Zäite sinn haart - mee et gëtt net éieren iwwer sozial Problemer, d'Pensiounsreform oder d'Kricher an der Welt geschwat, mee iwwer d'Heescheverbued - an do ass de Malaise déif... e Commentaire vum Roy Grotz.

Commentaire vum Roy Grotz

Woubäi Malaise och kéint mat Hëllefsruff ersat ginn - ee Wuert, mat deem den Inneminister der Procureure Générale hire Bréif bezeechent huet.

D'Martine Solovieff weist sech doranner interpelléiert an entsat, datt PJ-Unitéite reegelrecht geschwächt ginn an 1.200 Dossieren leie bleiwen, wëll organiséiert Heescherten gejot ginn.

Excès de zèle vun der Direktioun, seet de Léon Gloden, mee a sengen Aen eng néideg Mesure, fir d'Mendicitéits-Verbued duerchzesetzen.

Datt d'Procureure sech direkt an dëse klore Wierder an indignéiert un de Policeminister adresséiert ass hiert gutt Recht, mee ee Recht, wourop net heefeg zeréck gegraff gëtt - ze réng a fragil ass d'Linn, eng Zort cordon sanitaire tëscht Parquet an de politeschen Responsabelen, fir bewosst drop ze trëppelen.

D'Madamm Solovieff leet de Fanger riicht an d'Wonn a seet u sech, datt déi Déck mat de ville Suen an de ville Magouillen ongestrooft kënnen hir Tricksereien am grousse Stil weidermaachen, wëll PJ-Experten an Enquêteuren anerwäerteg beschäftegt gi sinn.

Domat gëtt de Malaise kloer an däitlech mam Numm genannt!

D'politesch Oppositioun gëtt aktiv a seet sech entsat iwwert den Aktivissem vum Minister Gloden a reprochéiert him d'Schold bei Aneren ze sichen an Niwwelkäerzen unzefänken, fir d'eegent Versoen ze verstoppen.

Déi Reaktioune si verständlech a gehéieren zum politesche Spill an awer stéiere mech op béide Säite Form a Fong - et war kloer, datt de Policeminister direkt huet missten op der gréisstméiglecher Schnëttquantitéit vu Schwaarz-Blo d'Feld aséinen - nämlech bei der bannenzegster Sécherheet - alles anescht hätt d'Stater DP net gutt geheescht a sech queesch gestallt. Den Hëllefsruff vum Knuedler, datt d'Stad misst gebotzt ginn, gouf gehéiert a subito erfëllt.

Datt ënnerschiddlech Interpretatioune vu Gesetzer ënnert d'Rieder komm sinn - an de Rechtsstaat eng Téitsch krut ass grave - d'LSAP hëlt d'rhetoresch Bazooka a schwätzt vun "institutioneller Kris".

Wann de Grand-Duc och lo nach agräift an och e Bréif schreift ass et effektiv eng institutionell Kris - dat heiten awer ass vill méi d'politescht Instrumentaliséiere vun engem soziale Problem vun aarme Leit, respektiv och Drogekranken, déi nëmmen nach schappeg ass.

Ech erënnere mech u martialesch Wierder vun engem Nicolas Sarkozy, deen 2005 wollt d'Banlieuen vu Paräis kärcheren, fir d'Jugendbanden ze verjoen.

D'Stad soll wuel och lo mam Hochdruck-Apparat propper a blénkeg gemeet ginn, just dass op dës Manéier net een aarme Mënsch oder een Drogenofhängege manner wäert present sinn a sech dës Leit kuerz zeréck zéien, fir dann nees do ze sinn - d'Strooss ass nämlech ganz einfach do, wou si sech gesinn.

Punkt.

An dee mam Kärcher alt Doheem botzt, dee weess, datt no all Hierscht a Wanter nees sou eng Botz usteet, wat de Phenomen gutt beschreift.

D'Käercher-Politik bréngt deemno genee sou mann, wéi all populistesch Rhetorik, déi kenger politescher Wäitsiicht entsprécht an nëmme Schierbele mécht.

D'Diskussiounskultur leit elle mat alle rassistesch-populistesch ugehauchten Tëscheriff, déi lo dierfen ausgeschott ginn, wéi Eemere voller Piff.

Et trefft déi Falsch, et mobiliséiert déi Falsch - et wier gutt, wann d'Politiker nees zu enger räsonabeler a roueger Debatt zréckfannen, fir rationell, faktebaséiert Decisiounen ze huelen - soss gëtt de Malaise zu engem Schwier.