Wien als Journalist bei enger Administratioun un Informatioune komme wëllt, brauch dacks vill Gedold an eng héich Frustratiounstoleranz. Lëtzebuerg muss endlech nozéien a grad wéi déi meeschten aner EU-Länner en Informatiounsrecht fir professionell Journaliste kréien, fënnt d’Anne Wolff an hirem Commentaire.

Wéi ech an Däitschland mäi Seminär iwwert Medierecht gemaach hunn, krute mir nieft eise Flichten och eis Rechter erkläert an eent dovunner war d'Recht op Informatioun nom Pressegesetz Paragraph 4, eppes, wat eis agetriichtert gouf.

Mee dunn zeréck zu Lëtzebuerg hunn ech spéitstens no den éischte puer Demandë bei ëffentlechen Administratioune misse feststellen: wa keen äntwert, dann äntwert ebe keen. An dat trotz der Circulaire Bettel 2, wou jo drasteet, dass Ufroe bannent 24 Stonne beäntwert solle ginn, respektiv dass een op d'mannst en "avis de réception" kritt a gewuer gëtt, wéini d'Äntwert da komme soll.

Rezent Beispill: No engem frëndlechen Telefon sollt ech meng Ufro nach eemol per Mail un de Ministère schécken. Déi goung u verschidden Adressen, dorënner déi offiziell Presseadress. Dat ass e puer Wochen hier, ech waarden nach op eng Äntwert an den Telefon huet och kee méi opgehuewen. D'Mailadress funktionéiert awer, wéi vun all Ministère kréie mir permanent Invitatiounen, fir dësen oder deen Exploit vum Minister ze couvréieren. Kommunikatioun dierf vun ëffentlecher Säit aus awer net just Marketing a Persounekult sinn.

Där Beispiller erliewe mir all ëmmer erëm a jee méi sensibel eng Informatioun, desto méi warscheinlech ass et, dass déi Demande net oder nëmme ganz ganz vag beäntwert gëtt, soudass een näischt domat ufänke kann. Do maachen ech de Presse-Attachéë selwer kee Reproche, si kënne sécher net autonom decidéieren, wéi eng Informatioune si erausginn duerfen.

An awer stéiert déi generaliséiert "Don't-Tell-Politik" d'Presseaarbecht an engem demokratesche Land. Reporter ohne Grenzen nennt dat "problematesch". Lëtzebuerg rutscht dowéinst am Ranking vun der Pressefräiheet déi lescht Jore konstant no hannen.

Dofir huet et mech gefreet, dass den neie Medieminister a Premier Luc Frieden um Neijoerschpatt en Informatiounsrecht fir Beruffsjournaliste versprach huet. Nach virum Summer soll en Text fäerdeg sinn. An enger rezenter Äntwert op eng parlamentaresch Fro confirméiert de Medieminister nach eng Kéier, dat wier an da Maach, de Presserot géif mat abezunn. Ma souwäit een an de Journalistekreesser matkrut, schéngt déi lescht offiziell Entrevue tëscht dem Presserot an der Regierung deemools am Januar gewiescht ze sinn, aktuell héiert een näischt méi doriwwer.

Ech hoffen also, dass hanner zouenen Dieren nawell fläisseg geschriwwe gëtt.

Ech hoffen och, dass Beruffsjournalisten dann effektiv un Informatioune vun ëffentlecher Säit aus kommen an dat an engem fir d'Presseaarbecht raisonnabelen Delai.