De Wladimir Putin huet d'Presidentewale mat 88% vun de Stëmme fir sech entscheet an dierf bis 2030 russesche President bleiwen. Groussbritannien huet d'Walen a Russland e Sonndeg als "illegal" bezeechent: d'Wieler hätte keng Wiel gehat, well keng kritesch Géigekandidate konnten untrieden. En Tëscheruff vum Jean-Marc Sturm.

Tëscheruff vum Jean-Marc Sturm

Dacks gëtt de Putin mam Stalin verglach, net just well hien all Oppositioun, wann et muss sinn, mat Gewalt ënnerdréckt, mä och wéinst sengem territorialen Appetit. Deen huet de Wladimir Putin net eréischt virun zwee Joer mat der Invasioun an der Ukrain gewisen oder virun 10 Joer, wéi hien d'Krim annektéiert huet. Nee, d'Alarmklacken hätten an Europa scho missen 2004 lauden, wéi de Putin a senger Ried un d'russesch Natioun d'Implosioun vun der Sowjetunioun déi gréisste Katastroph vum 20. Joerhonnert genannt huet.

Mä déi Klacken hunn eréischt no der russescher Aggressioun an der Ukrain ugefaangen, méi haart Téin vu sech ze ginn. Et gouf laang ëmmer nees u wichteg Elementer vun de Relatioune mat Moskau erënnert, wéi zum Beispill d'Ofhängegkeet vun ënnert anerem dem Gas aus Russland.

Antëscht kënnt de franséische President ganz oppe mat der Iwwerleeung, dass d'Europäer sech op alles musse virbereeden a wann et muss sinn, Truppen an d'Ukrain ze schécken, och wann ee keen direkte Konflikt mat de Russe wëll ausléisen.

Ausgeléist huet déi Ausso op alle Fall eng hëtzeg Debatt bannent der EU an hannert de meeschte Kulisse gëtt een dem Macron Recht, dass d'EU méi fir seng eegen Defense muss maachen an och der Ukrain méi Waffen, Munitioun a soss Ënnerstëtzung muss ginn.

Um Beispill vu Frankräich stelle sech d'Extremer um lénke wéi och um rietse Bord net méi esou demonstrativ op d'Säit vu Moskau.

Vu Mélonchon bis Le Pen schwätzt een elo léiwer vu Friddensgespréicher. Och wann dat den Ament éischter un de Friddensvertrag vu München aus dem Joer 1938 erënnert, wou d'Europäer mat Frankräich an England un der Spëtzt dem Hitler d'Tschechoslowakei geaffert hunn, fir Fridden ze kréien. Den Hitler hat aner Pläng, deels zesumme mam Stalin.

Europa gesäit de Putin-Regime op alle Fall kloer als Menace fir den eegenen Territoire wéi och eis Wäerter an déi Gefor huet d'Europäer méi no unenee réckele gedoen.

Och de stueren an autoritären ungaresche Premier Orban huet noginn, quitte dass d'EU him mat engem fette finanzielle Geste bei där Decisioun gehollef huet.

De Putin, deen de Westen a virun allem d'NATO esou wäit wéi méiglech vu senger Hausdier ewech wollt hunn, krut déi Allianz elo direkt virun d'Nues.

Finnland a Schweden hunn hir sacro-sankt Neutralitéit opginn.

Op all deene Pläng sinn dem Wladimir Putin seng Pläng net opgaangen. De Problem ass, dass een net weess, wéi wäit dee Putin bereet ass ze goen, wann hien esou richteg nervös ass. Moskau ass um beschte Wee, sech esou wäit vum Westen ewech ze beweegen wéi et zënter dem kale Krich net méi de Fall war. De Kreml gesäit sech, mam Accord vu Peking, an der éischter Linn vun enger neier anti-westlecher Beweegung.

Dee Westen ass neierdéngs ganz aläert ginn, mä steet viru villen Inconnuen. Och intern mat den Europaparlamentswalen a besonnesch och de Presidentiellen an den USA.

Wat geschitt bei engem Zenario Trump 2.0?

Ee weidere Grond fir d'Europäer, selwer dofir ze suergen, fir sech selwer an déi eege Sécherheet zoustänneg kënnen ze sinn. Dat ass keng Krichsdreiwerei, mä eng Leçon aus der Vergaangenheet.