Iwwer Nuklear-Oppenheet

De Premier Luc Frieden huet mat sengen Aussoe virun der Press zu Bréissel d'lescht Woch fir vill Leit iwwerraschend nees eng Diskussioun iwwer d'Atomkraaft lancéiert. Historesch eng schwiereg Diskussioun mat Widderspréch, un der de Pierre Jans sech a sengem Commentaire bedeelegt.
Wann d'Miselerin Elisabeth Kox-Risch sech uganks 1974 net getraut hätt, sech géint hir eege Partei ze stellen, da stéing eventuell eng Atomzentral zu Lëtzebuerg an d'Diskussioun wär eng ganz aner.
D'CSV-DP Regierung Werner-Schaus wollt mat däitscher Hëllef en Atomkraaftwierk zu Rëmerschen bauen. Iergendwéi muss jo Stroum an d'Stéit kommen. Mam Regierungswiessel dat selwecht Joer an der LSAP mat um Rudder krut de Protest och den néidege politesche Réckhalt. Haut gëtt gär gezielt, d'Biergerinitiativ "Museldall" géint d'AKW Rëmerschen op Initiativ vun der Mamm vum fréiere Minister Henri Kox wär de Grondstee fir déi Gréng zu Lëtzebuerg gewiescht. Esou kann een deen Episod liesen: eng couragéiert Fra, e Succès fir "Atomkraaft, nee Merci".
Anerer liesen doran e prominente Fall vun NIMBY am Grand-Duché. Not in my backyard – net bei eis. Zu Rëmerschen ass lo e Biodiversum a keen Atomkraaftwierk.
Dofir fänkt Frankräich 1979 u Kettenuewen ze bauen a puer Joer drop importéiert de Grand-Duché de franséische Stroum. Bis haut. Jo, an eisem Stroummix ass aktuell mat ronn 6 Prozent vill manner importéiert Nukleares ewéi déi 25 Prozent 2011 nach. An doru sinn d'Nofollger vun der Madamm Kox-Risch natierlech net onschëlleg. Blo-Rout-Gréng huet sech 10 Joer laang beméit, den Undeel vu Stroum aus erneierbaren Energien op iwwer 60 Prozent ze erhéijen. Vun deenen awer de Gros och aus dem Ausland kënnt – virun allem aus Norwegen. Och bei den Erneierbaren ass een also nach ofhängeg vun anere Länner.
D'Anti-Atom-Approch vun de leschten zwou Regierungen war klipp a kloer: no all Visitt am Elysée huet de Xavier Bettel betount, dem franséische President awer wierklech ganz däitlech gesot ze hunn, dass hie vun Atomenergie näischt hält. Kettenuewe misst vum Reseau. Wéi d'EU-Kommissioun d'Atomenergie als nohalteg agestuuft hat, war d'Regierung bal mat Éisträich zesummen dogéint virun den Europäesche Geriichtshaff gezunn.
De Premier Luc Frieden – CSV – huet eng aner Approch ewéi säi Virgänger. Wat fir d'éischt awer Mol keng Iwwerraschung ass. Wann et dann e gesellschaftlechen Anti-Atom-Konsens zu Lëtzebuerg gouf, dann huet dem Luc Frieden seng Partei schonn am Summer 2022 domat gebrach. D'CSV an och d'ADR waren aus dem Aktiounscomité géint Atomkraaft ausgetrueden. D'Begrënnung schonn deemools: Technologieoppenheet.
An der haiteger geopolitescher Lag heescht dee Begrëff méi ewéi neoliberale "Virwëtz". Energiesécherheet assuréieren, kompetitiv bleiwen, seet d'EVP-Spëtzekandidatin Ursula Von der Leyen.
Heescht: och wann den Ausbau vun den erneierbaren Energien d'Prioritéit soll sinn, déi politesch Responsabel traue sech net alles op eng Kaart ze setzen. Wann déi fossil Energie fale gelooss gëtt, brauch een déi nuklear als zweet Standbeen.
Déi ass awer nach lues, nach deier, an d'Fro vun der Entsuergung – och nach net gekläert. Klammert een dat kuerz aus, ass Nuklearenergie relativ ëmweltfrëndlech. A bei den Nodeeler versprécht d'Fuerschung sech Verbesserungspotential. Dofir si grouss Investissementer néideg, déi de Luc Frieden op EU-Niveau ënnerstëtze wëll.
Säi Regierungs-Kolleeg Xavier Bettel, dierft hie mat sengen Aussoen um Bord vum - an net um - Atom-Sommet zu Bréissel trotzdeem widder de Kapp gestouss hunn. Deem seng Partei d'DP ass nach Member vum Aktiounscomité géint Atomkraaft. Dat wärend den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes awer e bëssen iwwerrascht vum Premier sengem Virstouss ze si schéngt an déi jonk Demokraten dem Luc Frieden elo d'Partie halen. Behal do nach een den Duerchbléck. Ma wéi sot de Xavier Bettel emol zu Paräis an den RTL-Mikro, nodeems en dem Macron nees d'Meenung sot? "Ënner Frënn muss een iwwer alles kënnen diskutéieren."
D'Diskussioun zu Lëtzebuerg ass nees lancéiert. Iwwer eng Atomzentral zu Lëtzebuerg natierlech net. A mam vereelzte Kettenuewen ass zu Lëtzebuerg och kee frou.