No der russescher Attack op d'Ukrain gi sech an der westlecher Welt, a virun allem an Europa, Gedanke gemaach, bei deenen ee gehofft hat, dass ee se nom Enn vum Kale Krich net méi misst hunn. D'Europäer musse sech Gedanken a Suergen iwwer hir Verdeedegung maachen. En Tëscheruff vum Jean-Marc Sturm.

Sollt d'Ukrain falen, steet Moskau direkt un der Dier vun der NATO, quitt dass d'NATO sech an der Lescht och bewosst méi Richtung Oste positionéiert huet. Dat ass elo awer eng aner Diskussioun.

Tëscheruff vum Jean-Marc Sturm

Fakt ass, dass Europa sech bewosst ass, dass een an Zäiten, wou d'Ënnerstëtzung vun den USA op eemol net méi sou selbstverständlech ass, selwer muss prett sinn.

De franséische President bréngt europäesch Truppen an der Ukrain an d'Gespréich, Däitschland wëll seng Arméi zu méi Performance intern reforméieren, etc... Europa ass sech mam Wladimir Putin bewosst ginn, dass mir net méi einfach esou kënne maachen, wéi wann et evident wier, dass een a Friddenszäite lieft.

Virun deem Hannergrond war d'Diskussioun lassgetrëppelt ginn, dass d'Europäer endlech hire Bäitrag op 2% vum PIB, respektiv am Fall Lëtzebuerg, vum PNB, musse respektéieren. An deem Kontext goufen a ginn d'Strukture vun der Arméi hei am Land moderniséiert, um Härebierg oder mat engem neie Munitiounsdepot um Waldhaff an dem Schéissstand am Bleesdall. Projeten, déi et nach ënnert engem grénge Minister gouf.

Lëtzebuerg huet d'lescht Woch bei engem Cyberdefense-Exercice matgemaach, et gouf ee gemeinsame Batailloun mat der Belsch geschaf, et gëtt de gemeinsame Militär-Airbus. Deen hëlleft Hëllefsgidder iwwert der Gazasträif verdeelen. Am Asaz: E Pilot aus dem Grand-Duché. D'militäresch Kooperatioun stoung och am Fokus vun der rezenter offizieller Visitt vum Grand-Duc an der Belsch,etc, etc. Lauter Aktiounen, déi der Arméi gutt zu Gesiicht stinn, eng Arméi, déi awer elo am Prinzipiesträit tëscht der CGFP an der Regierung do steet wéi den "Dindon de la farce".

Dobaussen entsteet d'Impressioun, wéi wann et um Härebierg net méi géif zougoe wéi an enger Struktur, déi " par définition" eng streng Hierarchie huet. Do si Leit, déi mat Waffen a Sprengstoff hantéieren, déi, wann et eescht gëtt, net just fir dat eegent Liewen, mä och fir dat vun hiren uniforméierte Komeroden a vun eis all suergen.

Souguer wann een als Senior de Fürerschäin oder de Waffepermis erneiere wëll, muss een an eng Zort Bewäertung bei den Dokter. Et erënnert un d'Diskussioun, wéi an der Grondschoul heiheem d'Punktebewäertung duerch faarweg Smileyen ersat ginn ass. Do hu sech um Enn weder d'Enseignanten, nach d'Elteren a scho guer net d'Kanner dran erëmfonnt. Sorry, mä grad wéi beim Schoulwiesen ass d'Arméi ee Sujet, deen ze seriö as fir klengkaréiert Muechtspillercher.

D'CGFP géif dem Land méi ee grousse Gefale maachen, wa se proaktiv bei Erausfuerderunge wéi Digitalisatioun a méi einfach Prozedure géif matschaffen.