Klassekampf am Schwangerschaftsbauch

Wärend de Premier Luc Frieden, sech freet, wou déi vill Kanneraarmut hierkënnt, féiert de Planning familial déi staark Hausse bei den Ofdreiwungen op déi steigend Prekaritéit an der Gesellschaft zréck. Vläicht gëtt et en Zesummenhang, mengt d'Michèle Sinner an hirem Kommentar.
Bannent engem Joer ass d'Zuel vun den Ofdreiwunge beim Planning familial ëm 46 Prozent an d'Luucht gaangen. Als éischt Ursaach nennt d'Presidentin vum Planning, Ainhoa Achutegui, déi steigend Prekaritéit. Am Kloertext heescht dat, datt ëmmer méi Fraen ofdreiwen, well se sech kee Puppelchen, kee Kand kënne leeschten.
D'Fro, virun där dës Frae stinn, ass also, ob se de Courage hunn, sech z'entscheeden: entweder fir e Liewen ouni dat Kand, dat hinne vläicht méi Chancë gëtt, sech aus der finanzieller Prekaritéit erauszeschaffen, oder fir e Liewe mat hirem Kand, wou se dës oder déi Säit vum Bord vun der Aarmut struewelen.
Ma wou déi vill Kanneraarmut zu Lëtzebuerg dann hierkënnt, dat wëll de Premier Luc Frieden elo mol préiwen a verstoen, wéi hien der Deeg an der Muttergottesoktav um Mäertchen erkläert huet. Dobäi ass eng Ursaach evident: Aarm Elteren hunn aarm Kanner. Aarmut verierft sech. Dës an aner Fakte wieren dem Premier net ganz esou friem, hätt hien an deene leschte Joren enger vun de ville karitativen Organisatiounen oder Gewerkschaften nogelauschtert, amplaz de Patronatsverbänn, wou hien aktiv war.
Déi Organisatiounen a Gewerkschaften, jo esouguer verschidden Deputéiert aus senger eegener Partei, warnen nämlech zanter Joer an Dag, datt den Aarmutsrisiko an d'Luucht geet, si méi Clienten an de Sozialbutteker oder -Restauranten hunn, och Kanner. Si weisen op déi besonnesch Prekaritéit vun Elengerzéienden hin, datt Loyeren ze deier sinn an de Mindestloun net héich genuch. A wann e Véierel vun de Leit am Land d'Enner net beienee kritt, muss ee kee Mathésgenie sinn, fir auszerechnen, datt et dann deenen hire Kanner net gutt geet.
Ma fir d'Patronsverbänn sinn déi Leit e Produktivitéits- a virun allem e Käschtefacteur. Dofir ziele si allkéiers wann de Statec mellt, datt den Aarmutsrisiko klëmmt, déi Aarmut wier e statistesche Phänomen, well d'Paien allgemeng hei esou héich wieren. Dir verstitt: Et wier also just well déi Räich esou räich sinn, datt déi Aarm am Verglach mat hinne sou aarm wierken. Dofir bräicht de Staat och keng esou héich Sozialtransferten an domat natierlech och manner Steiere vun hinnen, fir déi Transferten ze bezuelen.
Wann een deene Patronatsvertrieder dat bis ewell gegleeft huet, jo da kann ee lo schonn erstaunt sinn, wann d'Unicef seet, e Véierel vun de Kanner zu Lëtzebuerg, wier dem Aarmutsrisiko ausgesat. Ma et leeft drop eraus, datt sech de Klassekampf also lo och um Niveau vum Schwangerschaftsbauch, jo der Gebärmutter ausdréit. Kee Kand an Aarmut ze kréien – wann eng Fra dat decidéiert, dann ass dat hiert Recht. Mee et kann ee sech froen, wéi selbstbestëmmt et ass, wann ee säi Puppelchen aus Geldsuergen net ka kenneléieren. Eng grausam Ongerechtegkeet ass et op jiddwer Fall.