Wou bleift d'Manifestatiounskultur? Gitt op d'Strooss!

En 1. Mee ouni Maniffen. Eng Maniff um 6 Auer owes an engem Hotel? A wat ass iwwerhaapt aus de Klimamaniffe ginn? D’Diana Hoffmann freet sech, wéi et ëm d’Manifestatiounskultur zu Lëtzebuerg steet. E Commentaire.
Trillerpäifen an Applaus. Kaméidi gouf dëst Joer um Dag vun der Aarbecht just wärend de Riede vun de jeeweilege Gewerkschaftspresidente gemaach. Vill gouf kritiséiert. Gefuerdert ënner anerem en Eropsetze vum Mindestloun, d'"Fanger wech" vum Index an dem Pensiounssystem an eng Reform vum Steiersystem...
Manifestéiert gouf um Dag vun der Aarbecht hei am Land awer net. Deelt déi breet Gesellschaft d’Fuerderunge vun de Gewerkschaften also net? Oder sinn d’Salariéen einfach ze kamoud ginn, fir sech d’Been an de Bauch ze stoen? D’Staatsbeamtegewerkschaft huet rezent fir dee Fall eng Léisung fir hir Member fonnt. Eng Maniff an engem schéinen Hotel, am Sëtzen. E Sëtzstreik? Nee op Still.
Ma net just d’Salariéë si schwéier ze mobiliséieren. Generell schéngt den Interêt, fir u Maniffen deelzehuelen, hei am Land net grouss ze sinn. Wou sinn dann déi Jonk, deenen d’Zukunft gehéiert? Fridays for future gëtt et net méi. Um Héichpunkt 2019 huet d’Beweegung 15.000 Leit op d’Strooss bruecht. Elo muss een op enger Maniff fir Klima- an Ëmweltschutz, déi rezent an der Stad war, gutt no Jonke sichen. D'Majoritéit vun de Participante waren Dauerprotestler fir dës Cause, vill déi scho géint Cattenom mat manifestéiert hunn.
Natierlech ass et schwéier Leit z'erreechen. Mee grad Schüler a Studente spillen hei eng wichteg Roll, fir op hire jeeweilege Campusse méiglechst vill Leit unzeschwätzen. Wa sech näischt deet, gëtt dem konservativ-rietse Spektrum d’Feld iwwerlooss. Eng aner Schwieregkeet bei der Mobiliséierung kéint sinn, dass d’Multikulturalitéit hei am Land dozou féiert, dass d’Mënsche fir vill verschidde Saachen op d’Strooss ginn. An esou am klenge Land kann esou dacks keng Masse critique erreecht ginn, fir déi néideg Visibilitéit ze hunn.
Maniffen, wéi et der deslescht grousser an Däitschland géint de Rietsextremismus oder fir Demokratie gouf, ginn et hei am Land och net. Villäicht gesäit hei keen den Interêt dovunner. Mee soll een d’Demokratie an aner gesellschaftlech Acquisen als selbstverständlech ugesinn? Ganz kloer net! Well dat wäerte se ni sinn, wéi eis d’Geschicht u ville Beispiller léiert.
Grouss Maniffe si wichteg fir eng Gesellschaft. Et sinn Evenementer fir eng kollektiv Memoire. Un déi éischt grouss Maniff, un där een Deel geholl huet, erënnert ee sech normalerweis. Fir mech war dat déi géint den Amarsch an den Irak 2003. Huet se eppes gehollef? Mat Sécherheet net! Huet se de Leit, déi dobäi waren, eppes bruecht? Bestëmmt.
Bestëmmt hëllefen esou Eventer, dass sech deen een oder anere jonke Mënsch politiséiert. Et weist dass et, anescht wéi een am Alldag dacks kéint denken, eng Gesellschaft gëtt, déi sech trotz villen Ënnerscheeder, och kann eens sinn.