Noen Osten - Et ass alles weder schwaarz nach wäiss

© RTL
An der Chamber war en Dënschdeg de Mëtten eng Aktualitéitsstonn iwwert den Noen Osten. Déi Regioun steet fir Gewalt, Doud a Leed. D'Situatioun am Noen Osten ass wuel eng vun de komplexsten an der Weltgeschicht an dat net just an de leschte Wochen, mä quasi zënter éiweg. E Commentaire vum Jean-Marc Sturm.
D'Biller aus dem Noen Oste loossen ee vun Degoût schudderen. Blannen Haass, systematesch Violatioun vun de Mënscherechter, Massaker un Zivilisten op béide Säiten.
Kee Wonner, dass dat virun allem och jonk Leit revoltéiert, och wann et beim Protest dacks éischter ëm d'Symptomer wéi ëm déi komplizéiert Ursaach geet.
"From the river to the sea", ee Slogan, iwwerholl virun allem vun der jonker Generatioun an hirem Protest och op renomméierten Unien. Ee Protest géint Extremismus, dee selwer am gaangen ass an Extremismus ëmzeschloen. Hannert deem Sproch steet de Wonsch, deen Aneren ze zerstéieren. Ee Saz, dee mat genee där do Konnotatioun vu Palästinenser a rietsgeriichten Israeelie benotzt gëtt.
Den Noen Osten: Do ass verluerent Land a versprachent Land. Do ass Léift fir dat selwecht Land an Haass, dee gewuess ass, perfide ugefacht vu béide Säiten. Do ass mam Hamas-Massaker de 7. Oktober ee weideren Ausléiser vun enger weiderer Gewaltspiral, do ass an der Reaktioun och eng mënscheveruechtend Iwwerreaktioun mat ganz villen Affer a béiden Zivilpopulatiounen, a wéi gesot, Mënscherechter, déi massiv mat Féiss getrëppelt ginn.
Do stécht eng laang Geschicht dohannert, mat Kricher, Verdreiwung, Mord an ëmmer méi Haass. Do waren an de leschte Joren a Joerzéngten Selbstmordattentater an Intifada, parallel brutal Siidlungspolitik, de Bau vu Mauere mat Stacheldrot. Och an de Käpp, eng gespléckten israeelesch Gesellschaft. Do waren däischter Kapitelen, wéi d’Relatiounen tëscht radikale Palästinenser mat der RAF an dem obskueren Ostblock. Et ware Kapitele wéi Landshut, Mogadischu, München ‘72, Entebbe...do war d'Verdreiwe vun de Palästinenser aus Jordanien, den internen och bluddege palästinensesche Sträit ëm d’Muecht.
Do war... do ass... a leider wäert et wuel och weider sinn. Alles wäit ewech vun der eenzeger Léisung. Den zwee Staaten, quitte, dass dem aktuell nach ëmmer chimärhafte Palästinenserstaat quasi alles feelt, wat der internationaler Definitioun no fir en eegene Staat néideg ass.
Mä d’Zwee-Staate-Léisung ass wuel den eenzegen Auswee. Och an Israel kënnt een op kuerz oder laang Siicht net laanscht d'Asiicht, dass een zwar quasi all Schluecht gewanne kann, an trotzdeem riskéiert, de Krich ze verléieren.
Aktuell ginn et just Verléierer.
De Konflikt am Noen Osten ass ze komplex fir et a gutt a béis, a schwaarz oder wäiss ze deelen. Hei hält sech zwar all Säit fir gutt, weist sech awer och zum Béise fäeg. All Säit léisst sech hiräissen, fir gro ze ginn, Täter an Affer zu gläich. An elo gouf nach net dat ganzt internt Gestreits och um reliéise Plang ernimmt, de Sträit ëm Waasserreserven an aner regional Hannergedanken. Plus natierlech déi grouss geopolitesch Bün.
Déi Komplexitéit vum Noost-Konflikt ass bei de Wéinegsten duerchgedrongen, déi elo ganz haart polemiséieren, an extrapoléieren mat Kritik un Israel an driwwer eraus, well déi Kritik a verschiddenen Deeler vum Protest ëmschléit an Antisemitismus. An dann ass ee wéi bei de Lemminge selwer ganz séier beim Ofgrond ukomm.
Am Plaz géint eppes ze protestéieren, sollt ee vläicht fir eppes sinn. Fridde wier do e gutt Stéchwuert.