De Krich an der Ukrain däerf eis net egal sinn!

No méi wéi zwee Joer réckelen aner Krisen an de Fokus. Déi si fir Europa a Lëtzebuerg awer manner wichteg.
Zanter méi wéi zwee Joer ass Krich an der Ukrain. Russland huet d'Nopeschland de 24. Februar 2022* ugegraff a schéisst bis haut quasi all Dag Rakéiten an Dronen op d'Ukrain, virun allem op den Osten a Süden. Ma obwuel d'Stierwen an engem Land, dat un d'Europäesch Unioun grenzt, weidergeet, huet een den Androck, datt sech d'Leit zu Lëtzebuerg ëmmer manner fir de Konflikt interesséieren. Dat ass ee Feeler, mengt de Marc Hoscheid an engem Commentaire.
Hëtzeg kënnen d'Diskussioune ginn, wann et ëm de Krich geet. "De Krich" domadder mengen ech net den Iwwerfall vu Russland op d'Ukrain, mee de Konflikt tëscht Israel an der Hamas an der Gaza-Sträif. Vill Leit kennen do just Schwaarz oder Wäiss. Entweder läit déi ganz Schold eleng op där enger oder op där anerer Säit a fir dat ze ënnermaueren, gëtt eng ganz Lëscht vun Argumenter virgedroen, an dat dacks nawell zimmlech emotional.
Beim Ukrain-Krich ass dat anescht. Deen ass entweder vergiess, verdrängt oder am beschte Fall geet en de Leit mëttlerweil esou op d'Nerven, datt se just nach mam Kapp rëselen. Sinn déi nach ëmmer am gaangen? Jo, dat si se, an dat wäerte mer d'nächst Joer um eegene Läif spieren. An zwar wann d'Gas- a Stroumpräisser wéi annoncéiert ee gudde Krack klammen. Gutt, dat ass eng Repercussioun, déi zäitversat bei de Konsumenten ukënnt, well d'Präisser op den Energie-Boursse lues a lues erofginn, ma sollt Russland massiv u Buedem gewannen oder vläicht esouguer déi ganz Ukrain anhuelen, da kéint sech déi Tendenz och rëm änneren. An dann dierften och eng ganz Partie méi Ukrainer an d'Europäesch Unioun flüchten, wéi bis elo schonn. A wann ee weess, wéi einfach sech d'EU deet, fir Leit, déi Schutz sichen, ënnert de Memberstaaten ze verdeelen, ass deen nächste Sträit virprogramméiert.
Ganz dovun ofgesinn, datt déi gemeinsam Grenz tëscht Russland an der EU op ee Coup ee gudde Krack méi grouss géif ginn. An d'Fro sief erlaabt, ob Russland sech mat der Ukrain zefridde wäert ginn. Gutt, Länner wéi Polen, Lettland, Estland a Litauen, fir nëmmen déi ze nennen, sinn am Géigesaz zur Ukrain an der Nato an dowéinst militäresch ganz anescht geschützt. Ma virun dräi Joer hätte wuel och déi mannst geduecht, datt Russland d'Ukrain mat Truppen ugräife géing. A jee nodeem wéi eng Partei an den USA um Rudder ass, kéint sech d'Euphorie, ee Krich mat Russland unzefänke fir Länner ze beschützen, déi iergendwou wäit wech am Oste vun Europa leien an am Zweiwelsfall net genuch un d'NATO bezuelen, a Grenzen halen.
Natierlech ass Russland wäit dervun ewech, muer Kiew anzehuelen, ma awer sollten engem déi rezent Entwécklungen un der Front, wou d'Russen Terrain gutt maachen, ze denke ginn. D'Ukrain net weider respektiv zousätzlech ze ënnerstëtzen wier natierlech een indirekte Wee, de Krich op een Enn ze bréngen, ma et muss een awer och déi laangfristeg Suitte bedenken.
Aus den Augen aus deem Sinn ass dowéinst dee falsche Wee. A wann et natierlech och op anere Plazen op der Welt Kricher gëtt, déi vläicht deels nach méi brutal gefouert ginn, duerf de Konflikt an der Ukrain awer net vum Radar vun de Leit verschwannen.
Do hunn natierlech och d'Medien eng gewësse Matresponsabilitéit. Kricher eng Zäit laang extrem enk ze couvréieren an ab engem bestëmmte Moment vill manner, obwuel sech am Prinzip näischt un der Situatioun geännert huet, steet der Press net wierklech gutt zu Gesiicht.
*An enger éischter Versioun vum Artikel stoung, Russland hätt d'Ukrain de 24. Mäerz 2022 ugegraff. Mir bieden, dee Feeler ze entschëllegen.