(A)sozial Medien

Eng Muppen- oder Kazefoto, e schéine Sproch oder eng Foto aus der Vakanz. Dat ass déi harmlos a banal Säit vun de soziale Medien. Mä déi sozial Medie fërderen och en asoziaalt Verhalen. Schonn zanter Joren. An et geet riicht weider, bedauert d'Carine Lemmer a sengem Commentaire.
Op de soziale Medie weise sech vill Leit gäre vun hirer schlechtster Säit. Op Facebook, X (fréier Twitter) a Co. gëtt séier an emotional reagéiert. Politiker a Politikerinne maachen do keng Ausnam. Muncher een huet erkannt, datt den Toun offierft an ass zum Beispill dowéinst net méi op Twitter. Et gëtt aggressiv, polemesch an iwwerspëtzt kommentéiert. Op TikTok oder Instagram gëtt sech vu Videoe berisele gelooss. Gären am leien, gäre passiv an aner sozial Aktivitéite kommen ze kuerz. Ob riets oder lénks, ob Sexisten oder Homophober, Trollen oder soss "Hater"... Alles tummelt sech op de sozialen, asoziale Medien.
Wann ee fréier héchstens um Comptoir Gehéier fir seng Iddie fonnt huet, sou gëtt et haut op de soziale Reseauen, wou Millioune Mënschen zesummekommen, fir all méiglech - a sief se nach sou komesch - Meenung bestëmmt e Grupp an Zoustëmmung. Rassismus, Antisemitismus oder Homophobie, dat alles ass net nei. Mä an de soziale Medie kréien déi Messagen Opdriff a verdeele sech séier.
D’Beméiunge vun de Plattformen, fir déi Inhalter ze bremsen, hu wéineg Succès oder sinn net gewollt. Dat meescht entwutscht der Kategorie "Hatespeech". Sécher ass, datt d'Entreprisë Sue wëlle verdéngen. An nëmme wie surft oder kuckt, ass interessant.
Kanner an Eltere verléieren d'Kontroll
Jonker si besonnesch ufälleg fir déi sozial Medien. Quasi all Teenager huet e Smartphone a benotzt dee méi oder manner. TikTok, Snapchat, Instagram oder YouTube si beléift a vill Jugendlecher sinn all Dag stonnelaang op deene Plattformen ënnerwee. Dacks méi laang wéi e Schaffdag dauert. Et ass net seelen, datt Teenager stonnelaang TikTok-Videoe kucken, quasi do ënnerginn. Wéi eng Videoen, wëssen d'Elteren net. De Konsum kann Depressiounen oder onrealistesch Schéinheetsidealer fërderen. Och rietsextrem Ideologië ginn iwwer TikTok verbreet, dacks esou subtil, datt een et mol net direkt mierkt.
Eltere si gefuerdert, wat den Handykonsum vun hire Kanner ugeet. Si sinn och Virbiller. D'Verantwortung däerf awer net eleng bei den Eltere leien. D'Politik misst sech méi deem Thema unhuelen. D'Politik misst technesch Limitatiounen oder Späre vun den Entreprisen erzwéngen. Jonker ginn nach méi dovunner manipuléiert wéi mir Erwuessener. D'Tubaksindustrie ass och net vu sech aus aktiv ginn.
Politeschen Drock ass néideg
De franséische President Emmanuel Macron wëll d’Bildschiermzäit vun de Kanner begrenzen. D’Kanner solle virun ze vill Handy- a Computerkontakt geschützt ginn. Dat kléngt komesch an onrealistesch. Wéi soll dat am private Raum kontrolléiert ginn? Mä ëmmerhin hëlt de franséische President sech dem Sujet un. Hei zu Lëtzebuerg ass et bis ewell leider keen Thema.