Europawalen zu Lëtzebuerg: Geruckels amplaz Ruck

D'Europawalen hu queesch uechter d'Unioun fir deels grouss elektoral Verschibunge gesuergt. Op ville Plaze gëtt vun engem Rietsruck geschwat, och zu Lëtzebuerg. Wann ee just d'Sëtzverdeelung kuckt, wou d'ADR ee Mandat gewonnen huet, kann een dat vläicht sou gesinn, ma an absolutten Zuele ginn d'Gewënner a Verloschter bei de Stëmmen dat awer net hier, mengt de Marc Hoscheid an engem Tëscheruff.
Bal 37.000 Stëmme respektiv 1,72 Prozent méi wéi nach viru fënnef Joer. Dat goung duer, fir datt ee sech bei der ADR an d'Äerm gefall ass an een den éischte Sëtz am Europaparlament an der Geschicht vun der Partei feiere konnt. Et goung och duer, fir datt quasi all déi aner grouss Parteie vun engem Rietsruck geschwat hunn. Datt eng LSAP ëm 9,53 Prozent respektiv knapp 148.000 Stëmmen zouleeë konnt, ass dobäi bal ënnergaangen. Am Fong also ee Lénksruck? Naja, zur Wouerecht gehéiert awer och, datt déi Gréng no hirem historesch beschte Score aus dem Joer 2019 dës Kéier iwwer siwen an déi Lénk 1,68 Prozent verluer verluer hunn.
Et kéint also gutt sinn, datt et am lénke Lager zu engem Austausch vun de Stëmmen hin zur LSAP komm ass. Dobäi kënnt, datt d'Sozialiste viru fënnef Joer mat 12,19 Prozent op deem extrem niddregen Niveau vun 2014 bliwwe waren an et dës Kéier quasi nëmmen no uewe konnt goen. Virun allem, wann ee gefillt alles mat op d'Lëscht hëlt, wat bekannt an net bei dräi um Bam ass. Datt déi Kandidaten deelweis guer net op Stroossbuerg wollten, schéngt d'Leit entweder net interesséiert ze hunn oder si kruten et einfach net mat. Virun deem Hannergrond ass et warscheinlech grad esou gutt fir d'LSAP, datt se deen zweete Sëtz knapp verpasst huet. Och de Fait, datt de Nicolas Schmit de Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialiste war, dierft deene Lëtzebuergeschen an d'Kaarte gespillt hunn.
Weder fir ee Riets- nach fir ee Lénksruck schwätzen iwwerdeems d'Resultater vun CSV an DP. D'CSV als Mëttrietspartei huet zwar 1,81 Prozent derbäi gewonnen, bleift awer mat 22,91 Prozent op engem fir si historesch niddregen Niveau. 2014 hat een nach bal 38 Prozent an een drëtte Sëtz erreecht. D'DP als mol Mëttlénks- mol Mëttrietspartei verléiert ronn dräi Prozent an ee Sëtz, bleift awer op engem fir si passaablen Niveau. Deen zweete Sëtz haten déi Liberal virdru just tëscht 1979 an 1984. A wat soen eis all déi Zuelen elo? Fir vun engem Ruck an déi eng oder aner Richtung ze schwätzen, waren d'Verschibungen net grouss genuch. Et war um Enn, wéi sou dacks zu Lëtzebuerg, op mannst eng Nummer méi kleng, wéi a villen anere Länner. Also éischter ee Geruckels.