85 Kilo - dat ass d'Moyenne vu Fleesch, déi zejoert hei zu Lëtzebuerg op de Kapp giess gouf. 131 Kilo - ass d'Moyenne vu Liewensmëttel, déi pro Joer pro Kapp verschwent ginn. Chifferen, déi een am Fong missten alarméieren, awer net wierklech seriö geholl ginn, fënnt d'Claudia Kollwelter a sengem Commentaire.

Commentaire vum Claudia Kollwelter

Eist Konsumverhale gëtt vun de mannsten hannerfrot, hunn ech d'Gefill. Zu all Moment  kënne mir an e Supermarché eralafen an hunn net just d'"Qual der Wahl" wat Liewensmëttel betrëfft,mee och nach alles am kompletten Iwwerfloss. Net verwonnerlech, datt hei am Land pro Joer 90.000 Tonne Liewensmëttel an der Poubelle landen. Et gëtt drop an dowidder produzéiert an och drop an dowidder kaf wärend 800 Millioune Mënschen weltwäit Honger leiden.

Dat misst een dach am Fong degoûtéieren?! Et geet mir net drëm, Moralapostel ze spillen, mee ënnert anerem un eis allgemeng Verflichtungen ze erënneren, déi mir eis am Kader vum Paräisser Klimaaccord ginn hunn, d'CO2-Emissiounen ze reduzéieren. E Méindeg hunn d'EU Ëmweltministeren nei Reegele gestëmmt am Ëmgang mam Offall vu Liewensmëttel. Bis 2030 sollen 30% manner Liewensmëttel ewechgeheit ginn. Wéi dat konkret soll geschéien, ass nach net gewosst, ma eng Reduktioun vun 30% a sechs Joer ass e relatiivt bescheident Zil. Den Usaz läit bei eisem Massekonsum, deen zu enger Kultur vun der Verschwendung an Iwwerproduktioun bäidréit. Weltwäit ginn an der Moyenne 43 Kilo Fleesch pro Kapp pro Joer giess. Zu Lëtzebuerg ass et praktesch dat duebelt. Mir konsuméieren net just extrem vill Fleesch, mee produzéieren es och esouvill, datt d'Hallschent dovun exportéiert gëtt.

Et gëtt esou vill a permanent Déiereproduiten ze konsuméieren, an dem dacks negativen Impakt op eis Gesondheet, weess antëscht jiddereen, datt Véizuucht ee vun de gréisste Verursaacher vun Zäregasemissiounen ass.

Vill Konsumente schéngt dat awer net ze stéieren oder se fille sech net concernéiert, also bleift d'Nofro grouss an et gëtt weider produzéiert, den Däiwelskrees dréit weider vun Iwwerproduktioun a Verschwendung. Ma wéi laang kann dat Rad nach weider dréinen n wou féiert dat Ganzt hin? Déi nei Regierung wëll net op Verbueter setzen, mee wéi wëll se de Leit da Loscht maachen, anescht a méi bewosst ze konsuméieren?

Duerch e méi bewosste Konsum kéint anescht produzéiert an och manner ewechgeheit ginn. An dat fänkt bei jidder eenzelem un, muss awer och an de Schoulen a mat nationale Campagnen thematiséiert ginn, fir e Konsumverhalen ze fërderen, dat ethesch an ökologesch vertrietbar ass.