Wien der Däiwel ass de Jordan Bardella? Dat hu sech warscheinlech eng ganz Rei Leit gefrot, wéi de rietsextreme Rassemblement national d’Europawalen gewonnen huet.

De President Emmanuel Macron huet nach um Walowned d’Assemblée nationale opgeléist.

Wien de Mann wëll kenneléieren, dee gutt Chancen huet, bei de Walen dëse Sonnden an den 7. Juli neie franséische Premier ze ginn, dee kann den Owend amplaz Futtball, d’Walkampfdebatte kucken.

Do fënnt ee vläicht eraus, firwat de Mann bei eise Noperen sou beléift ass. Den niddregste Score, deen déi rietsextrem an eisen direkte Nopeschgemenge gemaach hunn, war knapps ënner 20 Prozent, deen héchsten bal 42, däitlech iwwert der nationaler Moyenne.

Firwat, kann ee sech froen, wielt eng Regioun, an där all Dag 123.000 Leit an en anert Land fueren, fir ze schaffen, déi also all Dag vum europäesche Bannemarché a senge Fräiheete profitéieren, extreemriets an antieuropäesch?
Méiglecherweis hunn d’Wielerinnen a Wieler an der vun der Deindustrialiséierung staark sinistréierter Géigend besser ewéi soss anzwousch geléiert, wat et heescht, wa Banquieren oder Beroder, respektiv Banquieren, déi sech als Politiker reklasséieren, vu kompetitive Betriber schwätzen, déi Aarbechtsplaze schafen. Nämlech, datt si ewech rationaliséiert ginn oder de Betrib delokaliséiert. Well d’Steieren oder d’Léin anzwousch anescht awer eng Grëtz méi niddreg sinn. A si herno weder eng Schaff hunn, nach Chômage kréien, well Ëmverdeelung aus der Moud a souwisou keng Suen méi do sinn.

Et kéint natierlech och sinn, datt ee sou no un der Grenz zu Lëtzebuerg, dem Land, an deem mer alles woen, fir datt den Tubak bëlleg bleift a mer Diesel an eisen Häerzer droen, eng extra gutt Vue dorop huet, wéi déi eng méi räich an déi aner méi aarm ginn.

Well déisäits der Grenz ass de Sprit elo méi deier, wéi deemools, wou d’Gilets Jaunes d’Rond-pointe besat hunn. Grad elo schaaft d’europäesch Kommissioun net just d’Energiepräisdeckelen of. Si huet och eng Defizitprozedur géint Frankräich opgemaach, de Stabilitéitspakt zielt elo nees no den exzeptionelle Krisejoren.

Am Kloertext heescht dat: Egal wéi eng Regierung et no de Wale gëtt, eng riets, eng lénks, déi elo verspriechen de Portmonnie opzemaachen, oder eng aus der Mëtt, si wäert musse spueren an do kann ee schonn e bësse verstoen, wann d’Leit sech froen, firwat se iwwerhaapt solle wielen goen. Respektiv et kann e sech froen, ob et eng gutt Iddi war, Neiwalen auszeruffen.

Eise Premier Luc Frieden, deen a senger Zäit als Finanzminister Däitschland gehollef huet, déi europäesch Defizitreegelen ze verschäerfen, wou en nëmme konnt, huet dem Emmanuel Macron säi politesche Leadership bewonnert an hofft, datt dee seng proeuropäesch Politik ka weider féieren – also och mat engem rietsextremen, europaskeptesche Premier. Wann een net wéisst, datt Ironie net säi Genre ass, kéint ee mengen, en hätt ee Witz gemaach.