D'politesch Rentrée bedeit och, datt elo all Schounfrist fir Schwaarz-Blo eriwwer ass. A sengem éischten État de la Nation huet de Premier Luc Frieden am Fréijoer vill annoncéiert. Lo am Hierscht weist sech, ob d'Koalitioun och capabel ass, kuerzfristeg ze liwweren. De Pit Everling gesäit Potential, sech d'Patten ze verbrennen.

No 9 Méint am Amt steet d'Regierung méi oder manner fest op de Schinnen. Deen een oder aner Mandataire ass alt mol entgleist, mä mat Ausnam vum Heescheverbuet bloufen déi politesch Kontroversen awer bis ewell aus. Aus schéine Floskele muss awer lo Musek ginn. An enger Legislatur muss spéitstens am zweete politesche Joer geschafft a geliwwert ginn.

Do ass virop de Logement.  An de leschte Méint huet sech d‘Situatioun leider net amelioréiert. D‘Präisser bleiwen héich, de Bau dréit lues. De grousse Revirement bei den Zënse koum nach net. Bei de Ventë bleift also de Wuerm dran, déi meescht Investisseuren hale sech nach ëmmer zeréck. Den Effet vun den urgente Logementsmesuren déi d'Regierung am Januar op dee Wee bruecht hat, hält sech bis ewell a Grenzen.

Dës Regierung huet sech d‘Simplification administrative grouss op de Fändel geschriwwen, ënner anerem eben am Beräich Logement. Wat schéi kléngt, muss awer och mol ëmgesat ginn, an zwar séier, well de genannte Stéchdatum ass 2025. Hannert de Kulisse vu Ministèren a Verwaltungen dierft dofir dësen Hierscht ferme gekeimt ginn, fir alles en place ze setzen, fir datt herno ofgespeckte Prozedure kënne presentéiert sinn, déi juristesch och d'Strooss halen an déi wichteg Contrainten net ignoréieren.

Da gëtt elo am Hierscht den éischte Budget virgestallt, deen och wierklech d‘Handschrëft vun der neier Regierung wäert droen. An do stellt sech d‘Fro, wéi d'Regierung zousätzlech Recettë wëll generéieren, fir laanscht e Spuerpak ze kommen. Geet et do wierklech duer, just op Wuesstem ze setzen? A punkto Reduzéierung vun de Fonctionnementsfraisë vum Staatsapparat dierft ee gespaant sinn, wéi couragéis d‘Koalitioun wäert sinn.

Et war e Sujet, deen an der Walcampagne keen Theema war, deen awer zu engem vun den Haaptdossieren aus der Legislatur kéint ginn: D‘Pensiounen. Bei der grousser Debatt am Hierscht ginn eng éischte Kéier d‘Kaarten op den Dësch geluecht. D‘Potential fir sech politesch ze verbrennen ass grouss. D‘Usiichten tëscht de Gewerkschaften an dem Patronat leie lo scho wäit auseneen.

Da lafen nach an engem Mount eng Rei Energie-Primmen aus. Mat Bléck op d‘Klimaziler kéint eng vun de Konsequenze zum Beispill déi sinn, datt d‘Ventë vun den Elektrogefierer zolidd den Hick kréien.

Da gëtt et nach en Dossier, dee virun der Vakanz wuel keen um Radar hat. An der Caritas-Affär muss d‘Regierung de Krise-Manager spillen, dee weder d‘Caritas fale léisst, nach d‘Allgemengheet fir de Schued bezuelen deet.

Politesch gesi versprécht den Hierscht also.Ob d‘Regierung de Kompass am Grapp behalen huet, gesi mer am neie Joer.