Lokalpolice: E positive "Bilan", dee keen ass

D’Lokalpolice ass sechs Méint am Asaz a wéi et ausgesäit e volle Succès. Dat war op alle Fall emol den Echo beim "Bilan" d’lescht Woch. Ma dat war keen, fënnt d’Anne Wolff an hirem Commentaire.
De Minister konnt sech iwwer zefridde Beamten an zwee zefridde Buergermeeschtere freeën, déi him bei der Pressekonferenz de Réck gestäipt hunn. A souguer d’Oppositioun huet net wierklech eppes ze meckeren.
Ganzer 1.650 zousätzlech Patrullen hätt d’Lokalpolice an den éischte sechs Méint zu Esch an an der Stad duerchgefouert a géif domat den anere Beamten de Réck fräihalen, fir d’Asätz géint déi grouss Kriminalitéit. Dofir kënnt se dann och elo an d’Gesetz stoen.
Souwuel d’Poliziste selwer wéi och d’Bierger wiere frou iwwert den neie “gudden Noper”, verséchert een der Press an dat nach éier déi zoustänneg Chamberkommissioun informéiert gouf.
Ma esou positiv dat fir d’Awunner an de betraffene Gemenge vläicht ass, no deenen hëtzegen Diskussiounen am Virfeld hätt ee sech vun dësem "Bilan" méi wéi nëmmen déi eng eenzeg Zuel kënnen erwaarden. Resultater vu Sondagen oder de soss gär gemaachen Etüden zum Beispill.
D’Resultat vun deenen 1.650 Patrulle kéint een net chiffréieren, erkläert de Police-Minister, well et géing ëm d’Preventioun an d’Sécherheetsgefill vun de Bierger. Dat kléngt no Politik no Gefill a fir d’Vitrinn.
Zousätzlech Beamten extra fir d’Lokalpolice goufe schliisslech net agestallt, a justifiéiert e Gefill wierklech déi 1.650 extra Patrullen? Steet den Asaz am Rapport mam Resultat? Alles Froen, déi sech net objektiv beäntwerte loossen, well de "Bilan" kee war.
Grad esou onkloer sinn d'"Krittären", déi eng Gemeng erfëlle muss, fir d’Lokalpolice unzefroen: Et muss ëm den Ordre public goen, et musse genuch Leit am ëffentleche Raum ginn, a seriö Unzeechen dofir, dass sech verschiddener dovun dernieft behuelen. Zimmlech schwammeg. Och net wierklech kloer ass, wéi déi intern Personalverdeelung bei der Police soll gereegelt ginn.
Zwar soll iergendwann eng Enquête iwwert d’Pecherte verëffentlecht ginn an do wieren d’Buergermeeschteren dann och zu der Lokalpolice befrot ginn, ma wéini an ob een do da méi Handfestes gewuer gëtt… gefillt net.