Ausgeglach, responsabel, verstänneg – sou gëtt de Gehälteraccord beim Staat beschriwwen, deen no engem Speed-Dating tëscht CGFP a Regierung hannert den décke Mauere vum Ministère ausgehandelt gouf. De Roy Grotz gesäit den "Accord salarial" méi nuancéiert ...

Commentaire vum Roy Grotz

Huele mer et direkt fir ewech: Ech weess, mat wéi engem Äifer, mat wéi enger Integritéit an Exaktheet all Leit beim Staat all Dag schaffe ginn an dat ass gutt sou a muss honoréiert ginn.

Ëmsou méi ass ze honoréieren, datt sech eng grouss an houfreg Gewerkschaft wéi d'CGFP fir hir Memberen asetzt a kuckt, datt d'Leit och fir hir – u sech normal – Aarbecht nieft dem waarmen, fiichten Handschlag och eppes méi um Kont hunn. Et stëmmt genee sou, datt 2,5% e responsabelt Resultat vun de Verhandlungen duerstellt, wann een et mat deem gurmangsegen Honger vergläicht, mat deem d'Gespréicher ugefaangen hunn.
 
De Minister Wilmes hat vum Regierungs-Caissier Roth seng Virgaben an huet dës exakt – wéi e Staatsdénger et jo soll – agesat, sou datt knapp 200 Milliounen Euro op den Dësch gepucht goufen, fir d'CGFP-Begierlechkeeten ze stëllen – a wat mécht dës Zomm schonn aus bei enger Lounmass vu 4,9 Milliarden Euro an enge 40% vun de Staatssalariéen, déi iwwer 10.000 Euro brutto de Mount verdéngen ...?

Nieft den zefriddene Schëllerklapperte ginn et parallel aktiv a pensionéiert Staatsbeamten, déi sech reegelrecht schummen, fir ëmmer nach an nach mussen ze kréien.
 
Et gëtt awer eng Parallel-Welt zu dëser – eng Welt, déi och de Grand-Duché duerstellt an déi duerch innovativ Patronen am Privaten an engagéiert Gewerkschaften zesummengehale gëtt, déi vun den 10.000 Euro um Kont nëmmen dreeme kënnen an all Woch stonnelaang am Stau verbréngen, amplaz den Home-Office-PC an der waarmer Stuff oder am Co-Working-Space ze notzen.
 
Dës Leit, déi an der Chambre des Salariés vertruede sinn, dacks net am Land wunnen a scho guer kee Walrecht hunn an awer an eis Keesen abezuelen, brauchen net ze fäerten, datt ausser der Gewerkschaftsfront vun LCGB an OGBL sech een anere fir si asetzt:

  • Et sinn dës Leit, déi gesot kréien, datt se och dierfe sonndes schaffen an iwwerhaapt och nach méi flexibel mussen zur Verfügung stoen. 

  • Et sinn dës Leit, déi wéinst den Ofschott-Mechanismen an dem Fale vun der rietser Brandmauer mussen op der däitscher a vläicht och der franséischer Grenz an der Linn moies an owes stoen.

  • An et sinn dës Leit, déi net hir Kantin frësch gemaach an och keng drëtt Crèche gebaut kréien, wéi et am Gehälteraccord schwaarz op wäiss steet.

Et ass d'roueg Mass vun de Leit – de Schaffenden, wéi sou schéi gesot gëtt – déi mussen nokucken, wéi déi eng weider rafen – méi, méi, méi –, wärend si sech op d'Negociatiouns-Fakultéite vun hirer Gewerkschaft musse verloossen, fir e klenge Wupp méi ze verdéngen – nee, dat sinn net d'Investmentbanker a gewëtzt Immobiliëspekulanten, mee d'Leit, déi um Bord vum soziale Gruef stinn, dee mat dësem Accord weider méi déif gëtt.

Domat ass den "deux poids – deux mesures" dokumentéiert, mat deem d'Regierung handelt a Staat géint Privé ausspillt, fir d'Walvollek ze zerwéieren a parallel un Acquise wéi Pensiounen, Kollektivverträg an Aarbechtszäite krazen ze goen.

Dëst ass eng Inegalitéit, déi wéideet an d'sozial Apartheid visibel mécht.

"Wehret den Anfängen", also och am Sozialen.