Italien, Holland, Belsch, Éisträich, Frankräich oder Däitschland. A ville westeuropäesche Länner si vill Wieler no riets geréckelt an dat plazeweis stramm. Déi entspriechend Parteie fänken un, salonsfäeg ze ginn a plazeweis Regierungen ze forméieren, wat erféieren deet. D'Ursaachen dofir si ganz verschidden. D'politesch Gauche muss op ville Plazen nokucken, se muss awer och u sech selwer schaffen, mengt de Pit Everling.

De Parteien aus der politescher Mëtt ass et an de leschten 10 Joer generell net gelongen, eng Politik ze maachen, déi laangfristeg iwwerzeegt - dat gëllt fir d'Droite a fir d'Gauche. Och, wann et bei den Europawale fir d'Sozialdemokraten anstänneg gelaf ass, geet et an de meeschte Länner awer ëmmer méi a Richtung riets.

Commentaire vum Pit Everling

D'20er Joren hunn et a sech: Eng Pandemie, e Krich, eng Energiekris an eng héich Inflatioun. Derbäi kënnt eng gescheitert EU-Migratiounspolitik, déi de Fonds de commerce ass fir Forcen, déi wäit riets um politeschen Teller stinn.

Et gëtt ganz vill extern Facteuren, firwat lénkspolitesch Themen net grad Héichkonjunktur hunn a firwat déi entspriechend Parteie vu rout bis gréng sech aktuell schwéier dinn. Allerdéngs muss déi modern Gauche och intern no Grënn sichen.

Scho laang geet et net méi ëm den Aarbechter, dee virum Grousskapitalismus muss protegéiert ginn. Dee fillt sech mat senge Suergen entretemps anerwäerts besser opgehuewen. De sougenannte lénksprogressive Politiker a Wieler vun haut kënnt dacks aus dem Akademiker-Milieu. E setzt sech mat staarker medialer Presenz fir Gerechtegkeet an, fir Inclusioun a géint Diskriminéierungen, fir Diversitéit, Toleranz awer och fir den Ëmwelt- a Klimaschutz oder d'Protektioun vun der Gesondheet. Alles an allem total legitim a wichteg Uleien also.

E Problem ass awer d'Manéier, wéi dës Theme vu Verschiddenen un de Grand Public erugedroe gi sinn, an erugedroe ginn. Lénkspolitesch Forcë wierken op vill Leit elitär, besserwësseresch an intolerant. Bis wäit an d'Mëtt vun der Gesellschaft ran hu Bierger sech an de leschte Jore culpabiliséiert gefillt, haten d'Impressioun, datt hir Vuen net méi respektéiert ginn, a kruten Themen zerwéiert, déi mat hiren Alldags-Suerge wéineg ze dinn haten.

Sou huet d'Gauche sech an de leschte Joren aus der tatsächlecher Mëtt vun der Gesellschaft ewechbeweegt a mat dozou bäigedroen, datt Leit –  ënner anerem hir traditionell Wielerschaft - ewechgedréckt goufen.
 
De stramme Rietsruck an Europa bereet Suergen a wichteg Sujeten, wéi de Klimaschutz, riskéieren op der Streck ze bleiwen.

Fir e gesonde politeschen Equiliber ze hunn, brauch Europa eng staark Gauche, ma déi muss nees léieren, ze iwwerzeegen, sech aus der eegener Bulle erausbeweegen, nees e Bléck fir déi ganz Gesellschaft kréien, nees Vollekspartei ginn!